Tëscht Waldhaff a Stafelter88 Joer al Fra stierft bei Accident tëscht Auto a Minibus

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg koum et um CR126 tëschent dem Waldhaff an dem Stafelter zu engem déidleche Verkéiersaccident.

Géint 15:40 Auer sinn um CR126 en Auto an e Minibus aneneegerannt, woubäi d'Automobilistin, eng 88 al Fra, déidlech blesséiert gouf. Si ass nach op der Plaz un hire Blessure verscheet. Am Asaz waren d'Rettungsekippe vu Jonglënster an der Stad, sou wéi zwee SAMUen. Och de Chauffer vum Minibus gouf blesséiert a vun de Secouriste versuergt. Fir d'Ursaach vum Accident ze klären, war eng Unitéit vun der Police technique op der Plaz. D'Streck war temporär fir den Trafic gespaart, ass entretemps awer nees op.

Donieft gouf et weider Verkéiersaccident iwwert den Dag, sou zum Beispill kuerz virun 11 Auer op der A3 tëschent der Aire de Berchem a Léiweng, wou zwee Autoen aneneegerannt sinn, mee keng Persoune blesséiert goufen. Gutt véier Stonne méi spéit war op der selwechter Streck nees en Accident mat zwee Gefierer, woubäi dës Kéier allerdéngs zwou Persoune verwonnt gi sinn. Béid Kéiere waren d'Secouriste Beetebuerg a Réiser op der Plaz.

Kuerz viru 17 Auer dann en Accident mat engem Auto um CR226 tëschent Izeg a Conter, hei ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Rettungsekippen aus der Stad a vun Hesper.

Back to Top
CIM LOGO