
An der Nuecht op e Sonndeg krut d'Police eng Ausernanersetzung an der Rue de la Loge an der Stad gemellt. Den éischten Erkenntnisser no krut e Mann hei eng Kette vum Hals gerappt. D'Beamte vun der Police konnten zwee vun de presuméierten Täter op der Plaz untreffen. Eng drëtt verdächteg Persoun war geflücht. Déi zwee aner Verdächteg goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
D'Enquête fir deen drëtte Verdächtegen an déi geklaute Ketten ze fannen, lafen aktuell nach.