Policekontroll an der UewerstadZwee Mol Droge fonnt, eng Persoun zäitweis am Arrest ënnerbruecht

RTL Lëtzebuerg
Nieft Passante goufen och Leit op E-Vëloen an E-Trottinette kontrolléiert.
© Laurent Weber

D'Police huet d'leschte Freideg am Nomëtteg an am fréien Owend an der Stad verstäerkt Kontrolle gemaach, dat besonnesch an der Géigend vum Hamilius a vun der Plëss. D'Zil vum Asaz wier et gewiescht, d'Policepresenz am ëffentleche Raum ze erhéijen, geziilt Persounekontrollen ze maachen, a méiglech Verstéiss am Beräich vun der Mobilité douce ze konstatéieren.

Am Ganze goufen 30 Persoune kontrolléiert. Eng vun hinnen, déi wéinst hirem staark alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner war, koum tëschenduerch an den Arrest. Zwou aner Persounen haten Droge bei sech. Déi entspriechend Mesurë goufen an Weeër geleet. Géint eng vun de Persoune gouf en Avertissement taxé geschwat.

Am Beräich vun der Mobilité douce goufen aacht Elektrovëloen an zwou E-Trottinette kontrolléiert- De Fokus louch hei op der Héchstgeschwindegkeet. An deem Zesummenhang goufe keng Infraktioune constatéiert. Zwou Persoune goufen awer verwarnt, well si mat hirem Gefier duerch d'Foussgängerzon gefuer sinn.

20 Beamten an zwee Drogemuppe ware bei der Kontroll am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO