CSV, DP, LSAP, déi Gréng, ADR, Piraten, déi Lénk, mä och Fokus a Volt si sech iwwert d’Grondreegele fir d’Campagnë fir d’Gemengen- a Chamberwalen eens ginn. Reegelen, déi zwar net juristesch verbindlech sinn, mä de Parteie no trotzdeem géinge verflichten. D’Kommunisten an déi Konservativ waren e Méindeg de Moie bei der Ënnerschrëft net dobäi.
Dem Akkord no ginn d’Campagnë fir d’Gemengewale 4 Woche virum Walsonndeg un. Bei de Chamberwalen ass et 5 Woche virdrun. D’Parteien an d’Kandidate verzichten an där Zäit op perséinlech Beleidegungen an Diffamatioun. Fair sollen dann och d’finanziell Mëttele benotzt ginn. Fir déi jeeweileg Wale sollen allkéiers net méi ewéi 100.000 Euro fir Pub dierfe benotzt ginn. D’Produktiounskäschte sinn hei net mat abegraff.
Bei de Verhandlungen iwwert den Akkord wier deels gestridde ginn an d’Piraten hate souguer ee Moment Wëlles, op den Akkord ze verzichten, sou hiren Deputéierte Marc Goergen. D’Piraten hätten nämlech gär gehat, datt Ministeren hire Budget fir d’Kommunikatioun géinge wärend de Walcampagnë kierzen. Et gouf awer en Accord fonnt. Am Akkord heescht et elo, datt Ministere respektiv Membere vu Schäfferéit, déi Kandidate sinn, bei der Ausübung vun hire Mandater keng bezuelte Reklamm iwwert hir Posten dierfen akafen. Ausser se hätte mat den Informatiouns- an Opklärungsflichten ze dinn.
Déi 9 Parteien hunn och d’Zuel vun Affichen an hir Dimensioune limitéiert. Fir d’Chamberwale si liicht méi grouss a méi Affichë virgesinn. D’Kommunisten an déi Konservativ waren e Méindeg de Moie bei der Ënnerschrëft net dobäi.
D’KPL beschreift den Akkord als Farce an huet via Communiqué erkläert, firwat si net mam Akkord averstanen ass. De Kommuniste no géingen d’Parteien, déi an der Chamber sinn, honnertdausenden Euro aus dem Staatsbudget kréien, fir scho laang virun de Campagne Propaganda ze maachen. D’KPL kéint sech weder déi grouss Plakater nach Sendezäit op der Antenn leeschten. Den Akkord géing dovunner oflenken, datt d’Wale mat Sue gewonne géinge ginn an net duerch politesch Iddien.