CARE LëtzebuergHumanitär Kris am Libanon verschäerft sech weider

Chris Meisch
1,2 Millioune Mënschen, dovu bal 400.000 Kanner, hunn duerch de Krich am Libanon hiert Doheem verluer. Den Impakt vun der Kris ass vill méi grouss, wéi vill Leit mengen, sou den Direkter vun der ONG CARE Libanon, de Michael Adams.
De Michael Adams op der Pressekonferenz vu CARE Lëtzebuerg
De Michael Adams op der Pressekonferenz vu CARE Lëtzebuerg
© Chris Meisch

Op der Pressekonferenz vu CARE Luxembourg huet de Michael Adams op déi dramatesch Situatioun am Libanon higewisen. Wärend vill international Opmierksamkeet op aner Konfliktregioune geriicht ass, gëtt déi humanitär Kris am Libanon ëmmer méi schlëmm.

CARE Libanon - Reportage Chris Meisch

Trotz dem Waffestëllstand, deen ëm dräi Woche verlängert ginn ass, bleift d’Situatioun am Libanon komplett onsécher. Vill Leit géifen elo versichen, kuerz zréck an hir Wunnengen ze goen, de Fall gesat, dass se nach net zerstéiert goufen, fir déi lescht essenziell Saachen ze retten, ier si nees an eng méi sécher Géigend flüchten. Iwwer eng Millioun Mënschen hu wéinst de Bombardementer vun Israel hiert Doheem misse verloossen a sichen no engem sécheren Ënnerdaach, déi dem Michael Adams, Direkter vun CARE Libanon no, elo scho komplett iwwerlaascht wieren, well et u Plaz, Liewensmëttel a weidere wichtege Ressourcë feelt. Vill Famillje géifen ënner extrem schwierege Konditioune liewen, a wiere glécklech, wa si eng eenzeg waarm Moolzecht den Dag géinge kréien.

„Fir déi, déi hu misse flüchten, besteet déi gréissten Erausfuerderung natierlech doran, den Alldag ze meeschteren. Wa Familljen nëmmen eng Molzecht den Dag kréien, da si virun allem Kanner betraff. Dat féiert och dozou, datt si mat hëllefe mussen, hir Famill z’ënnerstëtzen. Sou gesäit een ëmmer méi Kanner op de Stroossen, déi no Sue froen, fir méi Revenue fir hir Famill ze fannen."

© Chris Meisch

D‘ONG Care zielt den Ament 73 Mataarbechter, 100 Benevollen an aacht lokal ONGen, déi zesummen um Terrain humanitär Hëllef leeschten. Och fir Hëllefsorganisatiounen ass d’Situatioun ganz schwiereg. De limitéierten Accès zu de betraffene Regiounen, ze wéineg Ressourcen an déi grouss Zuel u Betraffene maachen d’Aarbecht massiv méi schwiereg. Dobäi kënnt, datt ONGe selwer net sécher schaffe kënnen, kee garantéierte Schutz hunn a sech all Dag der Gefor aussetzen, selwer Affer vun Attacken ze ginn. Besonnesch alarmant ass déi psychosozial Situatioun am Libanon. Stress, Angscht an Traumata géifen den Alldag dominéieren.

„Wéi ee sech ka virstellen, huet et en enorme psychologeschen Impakt, wa Bommen aschloen an Jets an Dronen iwwer d’Käpp fléien. All eenzel Persoun, déi an de betraffene Regiounen am Libanon lieft, ass dovu betraff. Trauma ass schwéier ze moossen, mee mir gesinn den Trauma kloer an de Gesiichter vun de Kanner, vun de Fraen an och vun de Männer.“

CARE Lëtzebuerg ënnerstëtzt hir Partnerorganisatioun am Libanon zanter dem Ufank vum Konflikt, wéi den Thomas Kauffmann, Direkter vu CARE Lëtzebuerg erkläert:

„Il y a du secours alimentaire, donc distribution de nourriture, distribution de différents objets, produits dont les personnes ont besoin. Mais c'est difficile d‘assurer un accès, parce que pour le moment, il y a encore, malgré le cessez-le-feu, des échanges de combat, des échanges de tirs. Et en fait la protection des humanitaires eux-mêmes, donc de nous, de nos collègues, n'est pas garantie. Et comme elle n'est pas garantie, on ne peut pas y aller, c‘est trop dangereux.“

© Chris Meisch

Och wann et zu engem Enn vum Konflikt géing kommen, betount de Michael Adams, nach wier et e laange Prozess, bis de Libanon sech nees opbaue kéint an d’Leit an en normale Alldag zeréckfannen, well nieft der immens héijer Zuel vun zerstéierter Infrastrukturen och de psychologesch Impakt Jore bräicht, fir verschafft ze ginn.

Vu CARE heescht et iwwerdeems, dass si am Libanon enk mam Inneministère zesummeschaffen, fir ënner anerem d’Koordinatioun vun der humanitärer Hëllef, d’Versuergung vun deplacéierte Persounen an d’Organisatioun vun den Noutstrukturen z‘assuréieren.

Back to Top
CIM LOGO