Ronn 300 Asätz fir den 112 um Freidegowend. Inneminister schwätzt vu Jorhonnertreen. D'Police appelléiert drun, keng gespaarte Stroossen ze benotzen.

D'Nuecht op e Samschdeg war och vun der Meteo hier alles anescht wéi roueg. Lokal Wiederen hunn deels fir ganz vill Schued gesuergt. Den 112 mellt iwwer 300 Asätz eleng um Freideg den Owend.

Zu Iermsdref bitt sech um Dag dono e Bild vu Verwüstung - vill Autoen, op d'mannst 14 Stéck, goufe vun de Flute matgerappt, sinn am Floss gelant, op engem Unhänger, op Paletten oder an engem Bam. Eng 15 weider Ween dierften an hire Garagen iwwerschwemmt gi sinn.

De Premier Xavier Bettel, den Inneminister Dan Kersch, d'Familljeministesch Corinne Cahen an d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg waren op der Plaz, fir sech e Bild ze maachen.

Um Schlass zu Senneng koum d'Cellule de Crise zesummen, fir ze kucken, wéi een der Äerenzdallgemeng an der Fiels den Ament am beschten hëllefe kann. "Dat Wichtegst wier elo mol, datt keng Mënschen zu Schued koumen", sou den Inneminister Dan Kersch.

RTL

Zu Iermsdref - vum Waasser matgerappt. / © Domingos Oliveira

RTL

Um Dag dono: E Samschdeg de Moien zu Iermsdref.

D'Äerenzdallgemeng wier mat Iermsdref besonnesch schlëmm betraff. Autoe goufe mat wech gerappt, eng Bréck ass an de Koup gefall. "Do si ganz Existenzen zerstéiert ginn", sou ee sichtlech betraffenen Inneminister, dee vun engem Jorhonnertree geschwat huet.

AUDIO: Wiederen an der Fiels: Temoignagen

Den 112 war e Freideg ewell op Iermsdref geruff ginn, fir ze kucken, ob do keng Persounen an deenen Autoe wieren, déi ewechgeschwemmt . D'Servicer sinn direkt op d'Plaz gaangen – mat de Fräschmänner – mä et war keng Persoun an den Autoen.

Weideren dramateschen Ament um Samschdeg, wéi een Auto aus dem Waasser gezu gouf an et een Ament esou ausgesinn hat, wéi wann do awer nach eng Persoun dra wier - dat war dunn awer glécklecherweis net de Fall, ma d'Leit op der Plaz hunn awer eemol den Otem ugehalen ...

RTL

Opraumaarbechten an der Nuecht op e Samschdeg an der Fiels. / © Domingos Oliveira

Um Samschdeg de Moien ass et dann och den dréngenden Appell vun der Police, keng gespaarte Stroossen ze benotzen. Aus Sécherheetsgrënn sollt een onbedéngt iwwert déi ausgeschëldert Deviatioune fueren.

Besonnesch ze evitéieren: Iermsdref an de CR358 vun Iermsdref op Keiwelbaach.

RTL

Bei Noumer / © Domingos Oliveira

D'Rettunsgservicer hu gréisstendeels missen eraus, fir Kelleren auszepompelen oder well Stroossen iwwerschwemmt oder blockéiert waren.

Eng Persoun ass als liicht blesséiert gemellt ginn, well se vun den Iwwerschwemmungen traumatiséiert war.

RTL

Dëst Bild vu Blitzortung.org ass um Freideg den Owend op Facebook zirkuléiert.

MeteoLux hat um Freideg de Mëtteg gewarnt, datt d'Wieder um Freideg den Owend, genee wéi um Donneschdeg den Owend, nees ongemittlech kéint ginn. Gewarnt gouf viru Knëppelsteng vun 1 bis 3 cm Duerchmiesser. Et wier och mat Wandvitesse vun 90 bis 110 km/h ze rechnen, grad wéi mat Reequantitéite vu 25 bis 35 Liter pro m2 bannent 1 Stonn. Déi Warnung vu MeteoLux hat fir de Freideg tëscht 16 an 23 Auer fir dat ganzt Land gegollt, an esou koum et dann och - ma och dono huet et plazeweis monter weider gedimmert a geschott.

E Freideg am spéiden Nomëtteg sinn éischt Wiedere vun Osten erfort an d'Land gezunn an hunn zum Beispill am Raum Beyeren, Lenneng, Gouschteng fir deels chaotesch Zoustänn op de Stroosse gefouert: Reen, Bulli a Beem hunn den Trafic perturbéiert.

Kuerz drop war et an der Muselgéigend nees roueg, dofir huet et am Zentrum gedubbert. Op de Stroossen ëm den Iergäertchen zum Beispill housch et ganz gutt oppassen an am Neiduerf sinn op en Neits Kellere vollgelaf. Méi spéit am Owend war et am Norden ongemittlech an am Zentrum!

Ganz schro erwëscht huet et d'Géigend vu Steeën, Miedernach, Iermsdref an der Fiels ... D'N14 Miedernach-Fiels war vu Bulli iwwerschwemmt ginn an net méi ze passéieren ...

RTL

Miedernach-Fiels: Bulli blockéiert de Wee. / © Domingos Oliveira

Zu Iermsdref hunn d'Waassermassen e puer Autoe futtigemaach.

D'Fiels war um Freideg den Owend quasi vun der Baussewelt ofgeschnidden - all d'Zougangsstroossen dohi ware blockéiert, egal ob vun Aangelsbierg, Hiefenech, Miedernach, Noumer ...

No stonnelaangem, heftege Reen an der Fiels, hate sech d'Rue Scheerbach an aner Stroossen op eemol bannent kierzter Zäit a Flëss verwandelt. D'Rettungsleit vum CI-Larochette hu Groussalarm ausgeléist an haten een Asaz um aneren ...

RTL

D'Rue Scheerbach an der Fiels um Freideg den Owend. / © CI-Larochette

"Et ass eng lokal Katastrof", sot an der Nuecht op e Samschdeg de Fielser Buergermeeschter Pierre Wies, nodeems d'Ausmoosse vum Schued am Stiedche kloer goufen. De Bulli gouf vun de Koppen erof an den Dall gespullt, an deem d'Fiels läit. Plazeweis sinn d'Fielsen ofgebrach an d'Steng goufe vun de Bullislawinne mat ewechgerappt. Tëscht der Fiels an Iernzen gouf d'Strooss vun de Waassermassen opgerappt. Um Freideg den Owend géint 20 Auer huet et ugefaangen ze reenen ...

AUDIO: De Fielser Buergermeeschter Pierre Wies (1)

De Buergermeeschter huet mussen de Plan d'alerte declanchéieren. D'Corpsen aus der Fiels an den Nopeschgemenge waren bis wäit no Hallefnuecht am Asaz. De Buergermeeschter war bis 3 Auer op de Been. D'Situatioun ass um Samschdeg de Moien nach ganz oniwwersiichtlech ...

AUDIO: De Fielser Buergermeeschter Pierre Wies (2)

Fir e Samschdeg gouf eng Drénglechkeetsreunioun aberuff, fir ze kucken, wat een elo un éischter Plaz kann maachen, fir de Concernéierten ze hëllefen. Eng vun de Prioritéiten wier et, d'Waasserpompelen an der Kanalisatioun nees un d'Goen ze kréien. Déi waren am spéide Freidegowend ausgefall. Dofir och bis op Weideres den Appell, mam Waasser ze spueren, sou de Pierre Wies.

Besonnesch betraff sinn nieft der Fiels och d'Äerenzdallgemeng mat Miedernech an d'Gemenge Reisdorf, Noumer an d'Stad Lëtzebuerg.

D'Streck Schrondweiler - Noumer ass komplett zou, well do eng Bréck agefall ass, esou d'Police um Freidegowend kuerz virun 23 Auer. Blesséiert wier kee ginn.

D'Biissener Pompjeeë waren iwwerdeems deene vu Kruuchten hëllefen. Géint 22 Auer war fir Biissen Generalalarm ausgeléist ginn. Mat Material géint Héichwaasser a Wiederschiet ass et dunn an d'Gemeng Noumer gaangen, 18 Mann op 4 Ween. Zesumme mat dem Corps vu Kruuchten gouf du geschafft bis wäit an d'Nuecht eran.

RTL

Um Bloen Eck / © Domingos Oliveira

Schreiwes vum 112: "Bilan des Intempéries du 22.07.2016"

Veuillez trouver ci-dessous un bilan des interventions des services de secours en lien avec les intempéries en date du 22.07.2016 :

Au cours de la journée du 22 juillet les services de secours du Grand-Duché du Luxembourg ont été sollicités pour environ 300 interventions dues aux intempéries.

- Bilan matériel :

Des interventions des pompiers ont été notifiés sur une large partie du pays avec un pic d'interventions entre 20h00 et 23h00 heures dans l'est et le centre du pays, concernant principalement les communes de Larochette, Vallée de l'Ernz, Reisdorf, Nommern et Luxembourg-Ville.

Les services de secours sont majoritairement intervenus pour des inondations de caves, des inondations et dégagements de routes, des mises à disposition de moyens logistiques (couvertures) au bénéfice de la population et autres interventions diverses.

A 21h22 le CSU 112 a été informé qu'à Ermsdorf, plusieurs véhicules ont été emmenés par les eaux avec potentiellement des passagers à bord. Les secours dépêchés immédiatement sur place, dont le groupe d'hommes grenouilles, spécialisé dans le sauvetage aquatique en eaux vives, ont pu constater qu'aucune personne ne se trouvait à l'intérieur des véhicules.

- Bilan humain :

Le service d'ambulance a été sollicité pour une personne blessée légèrement suite à un traumatisme lié aux inondations.
Le Central de Secours d'Urgence C.S.U. 112, a été renforcé en effectif, les inspecteurs régionaux du service d'incendie et de sauvetage ont assurés la coordination des interventions via des postes de commandement opérationnels mis en place sur site et le Centre de gestion des Opérations (CGO) a été activé auprès de la Direction de l'Administration des services de secours.

RTL

D’Foto ass den 21. Juli 2016 um 22.30 Auer beim Jonglënster Contournement a Richtung Stad Lëtzebuerg gemaach ginn. / © Jacques Dostert

Schonn um Donneschdeg hat d'Wieder plazeweis zougeschloen, well och den Donneschdeg war, genee wéi de Mëttwoch ewell, e ganz waarmen Dag. An et war och nees schmeier.

Iwwer Land waren eng ganz Partie Wiederen a Schaueren gezunn, déi mat sech bruecht haten, datt op de Meter-Carré bis zu 30 Liter Ree gefall waren – entspriechend waren och d'Schied. Wéinst Kelleren, déi vollgelaf waren, zum Beispill am Neiduerf (Video hei drënner), respektiv blockéierte Stroossen, waren d'Rettungsdéngschter en Donneschden den Owend tëscht 19 an 23 Auer op 150 Plaze geruff ginn.

Video aus der Route de Neudorf vum Ken Goedert

Video vun Déifferdeng vum Calogero Botta

Um Freideg de Moien war den Tunnel Rangwee (tëscht dem Rondpoint Gluck an dem Houwald) a béid Richtunge gespaart ginn, well sech do Waasser ugesammelt hat.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg/Domingos Oliveira

2 Mol haten och Bränn misste geläscht ginn, well de Blëtz an Diecher geschloen hat – dat war zu Nidderkäerjeng a Schwéidsbeng de Fall, op der zweetgenannter Plaz hunn d'Corpse vu Schengen, Réimech, Bus a Munneref geläscht.

RTL

© CIS Niederanven-Schuttrange

Zolidd Wiederen um Donneschdegowend och an den Gemengen Nidderaanwen-Schëtter: D’Pompjeeë sinn an 3 Stonnen 22 Mol intervenéiert, fir divers Kelleren, déi ënner Waasser stoungen, eidel ze pompelen, Beem, déi de Wee blockéiert hunn, ze raumen, eng sëlleche Gullisdeckelen nees op d'Plaz ze maachen an Ofspärgitteren, déi op de Stroosse loungen, ze réckelen. 12 Mann op 4 Ween sinn d'Asätz tëscht 18.30 an 21.30 gefuer.

Den ACL hat dann och um Donneschdeg an um Freideg virun Aquaplaning gewarnt!

Op der Escher Autobunn op der Héicht vun der Opfaart Féiz gouf et um Donneschdegowend a Richtung Stad zum Beispill den décke Pull op der Iwwerhuelspur! Géint 23 Auer huet d'Police du matgedeelt, datt d'Escher A4 a Richtung Stad tëscht der Sortie Collectrice du sud an der Sortie Féiz gespaart gi wier - wéinst Iwwerschwemmung. D'Deviatioun goung iwwert d'A13 via Féiz. E Freiden de Moie kuerz virun 8 Auer koum d'Confirmatioun vun der Police, datt d'A4 nees komplett op wier.

Plan canicule 2016: inscrivez-vous pour les visites de surveillance! (22.07.2016)

Communiqué par: ministère de la Santé

Le ministère de la Santé, en collaboration avec la Croix-Rouge luxembourgeoise et la COPAS (Fédération des prestataires du secteur des aides et soins), souhaite rappeler à la population la mise en place du plan canicule 2016.

En effet, au-delà de la sensibilisation et de l'information, une intervention sur le terrain en cas de forte chaleur représente un réel enjeu de santé publique vis-à-vis des personnes fragilisées et isolées. Ce sont surtout les nourrissons, les personnes âgées ou les personnes souffrant d'une maladie chronique telle qu'une maladie cardiaque, une maladie des reins, une maladie psychique, etc.

De ce fait, le plan canicule propose aux personnes de 75 ans ou plus, vivant seules (ou avec une personne non valide), à autonomie limitée, peu entourées et sans aide de la part de l'assurance dépendance, de s'inscrire ou de se faire inscrire pour bénéficier de visites de surveillance et d'aide à l'hydratation en cas de forte chaleur.

Comment s'inscrire?

Le formulaire d'inscription pour de telles visites est téléchargeable (en français ou en allemand) sur les sites du ministère de la Santé www.sante.lu et de la Croix-Rouge luxembourgeoise www.croix-rouge.lu et peut être demandé au numéro (+352) 2755 du central téléphonique de la Croix-Rouge.

Il est fortement conseillé de retourner ce formulaire à la Croix-Rouge dans les meilleurs délais à l'adresse suivante:
Croix-Rouge luxembourgeoise
Services sociaux
89, rue Jean-Pierre Michels
L-4243 Esch-sur-Alzette

Pour tout renseignement supplémentaire, veuillez contacter le central téléphonique de la Croix-Rouge (+352) 27 55 (7j/7, de 7 à 22 heures) ou l'Inspection sanitaire de la Direction de la santé (+352) 247-85650.

Recommandations lors d'une vague de grande chaleur:

Si vous avez dans votre entourage une personne âgée ou malade qui vit seule, il sera important d'aller quotidiennement chez elle, pour notamment vérifier qu'elle dispose de suffisamment d'eau minérale et qu'elle en consomme assez.

- Assurez-vous qu'elle consomme au moins 1,5 litre d'eau minérale ou d'eau gazeuse par jour.
- Veillez à ce qu'elle passe plusieurs heures par jour dans des endroits frais ou à l'ombre.
- Fermez les fenêtres, volets et stores pendant la journée.
- Assurez-vous qu'elle prend régulièrement des douches ou bains partiels rafraîchissants.

Lien utile:
www.sante.lu

RTL

Vill Reen um Donneschdeg den Owend och um Kierchbierg. / © Domingos Oliveira