Bei Bitburg
Klenge Fliger mat zwee Passagéier erofgefall, béid dout

© AFP/Archiv/JOHN THYS
Am Äifel-Krees Bitburg-Prüm ass e Sonndegowend e klenge Fliger, en Ultra-léger-motorisé, erofgefall.
Wéi de Volksfreund, dee sech op Policeinformatioune bezitt, mellt, hätt d'Maschinn, an där zwee Passagéier dra waren, solle géint 20.30 Auer zu Bitburg landen. An der Nuecht op e Méindeg gouf d'Police dunn doriwwer informéiert, datt de Fliger vermësst gëtt. Se konnt dësen an engem Feld bei Fliessem, net wäit vu Bitburg fannen. Béid Passagéier waren nach op der Plaz un hire Blessure verscheet. Firwat d'Maschinn erofgefall ass, ass nach onkloer. D'Police huet eng entspriechend Enquête lancéiert.
Am meeschte gelies