Eng Meniskus-Transplantatioun ass extrem rar, virun allem wa se bei Kanner gemaach gëtt.

Ma fir genee esou eng Operatioun ass dat 12 Joer jonkt Louise-Fleur an der Woch vum 4. September aus Frankräich op Lëtzebuerg an de CHL komm, dat well et a Frankräich kee Spezialist gouf, fir dës Interventioun ze maachen. Et war ee laange Wee bis bei d’Operatioun, déi franséisch Krankekeess wollt fir d’OP hei am Land nämlech net opkommen. Dat ganzt ass esou wäit gaangen, datt esou guer den Elysée no engem Bréif un de franséische President Macron intervenéiert ass.
 
D’Louise-Fleur war am Virfeld vun der Operatioun mat senger Mamm Charlotte Perrot am CHL, fir déi lescht Analysen a Preparatioune virun der Operatioun e puer Wochen drop ze maachen. Wéinst enger ugebuerener Anomalie am Knéi huet dat jonkt Meedche vu Lunéville säi Meniskus a jonke Jore missten erausgeholl kréien, wouduerch säin alldeeglecht Liewe staark limitéiert ass, wéi dem Louise-Fleur seng Mamm Charlotte Perrot erkläert.
 
"Aujourd'hui, Louise-Fleur ne peut pas marcher plus de 30 minutes. Elle est obligée de s'asseoir au bout de 10 minutes, un quart d'heure. Elle ressent énormément de douleur au niveau de son genou. Elle est assez handicapée dans son quotidien, et c’est une petite fille de 12 ans qui ne peut pas jouer comme elle en a envie."
 
Dofir brauch et elo eng Meniskus-Transplantatioun, eng Operatioun, déi esou extrem rar ass, datt se a Frankräich net méiglech war. Dofir gouf d’Louise-Fleur bei ee Spezialist op Lëtzebuerg iwwerwisen:
 
"D’Louise-Fleur ass mer vun engem Dokter aus der Lorraine iwwerwise ginn", seet de Prof. Dr. Romain Seil, Spezialist an der Orthopédie. "A well si a Frankräich elo net méi d'Méiglechkeet hunn, dat ze maachen. Dat besteet aus verschiddenen Ursaachen. Eng dovun ass, datt et keng Kanner-Orthopeden a Frankräich ginn, déi Menisken transplantéieren. Dat ass dat Éischt, well et eng héich spezifesch Prozedur ass, déi minimal invasiv duerchgefouert gëtt, also arthroskopesch. An dat Zweet ass, datt se en neit Gesetz agefouert hunn, dat seet, datt Erwuesse-Chirurge keng Kanner méi kënnen operéieren, zumindest net an hirem Setting, an hirem OP, wat dozou féiert, datt d'Louise-Fleur e bëssen an e Vide juridique gefall ass."

RTL

Mam Argument, datt eng identesch Operatioun an engem acceptabelen Delai och a Frankräich méiglech wier, huet déi franséisch Krankekeess d’Prise en charge vun der OP zu Lëtzebuerg refuséiert. Direkt e puer Dokteren hunn awer de Géigendeel attestéiert. No laangem hin an hier ass dem Louise-Fleur seng Mamm mat der Affär un d’Ëffentlechkeet gaangen an huet esou guer dem Franséische President Macron ee Bréif geschriwwen:
 
"Ils ont eu l'ordre de l'Élysée d'accélérer et de revoir le dossier en urgence, ce qui a été fait. Dans l'heure qui a suivi, nous avons reçu un appel de la directrice adjointe de la CPAM de Meurthe-et-Moselle, qui nous a annoncé qu'à titre exceptionnel, ils avaient l'accord pour que notre fille se fasse opérer le 4 septembre à Luxembourg par le professeur Seil. Nous sommes soulagés, ravis — une bataille de longues semaines, mais on a réussi", seet d'Charlotte Perrot erliichtert.
 
D’Louise-Fleur konnt d’lescht Woch vum Professer Seil operéiert ginn. D’Operatioun wier gutt verlaf. Domat ass ee schwierege Parcours fir d’Famill a fir d’Louise-Fleur glécklecherweis gutt op en Enn gaangen.