E Méindeg ass d'Rentrée an der Grondschoul

© Andy Brücker / RTL
Fir méi wéi 63.000 Schüler ass d’Grouss Vakanz e Méindeg eriwwer. De 15. September ass nämlech Rentrée an der Grondschoul.
57.800 Schüler ginn dëst Schouljoer an eng Grondschoul vum Enseignement public, 5.600 ginn an eng privat Grondschoul. An den ëffentleche Schoulen ginn et 6.520 Enseignanten a Chargéen, iwwer 80 Prozent vun hinne si Fraen.
Aktuell ginn et iwwerdeems 71.300 Plazen an Accueil-Strukturen wéi Foyeren, Crèchen a Maison-relaisen. All déi Zuelen hat den Educatiounsministère d’lescht Woch publizéiert.
Den Educatiounsminister Claude Meisch ass dann och e Méindeg eisen Invité vun der Redaktioun.
Police-Campagne fir d'Rentrée
Am Kader vun der Schoul-Rentrée leeft dann och eng Campagne vun der Police un. Déi wäert vun e Méindeg un nees méi Presenz ronderëm Schoule weisen, an ënnert anerem kontrolléieren, ob sech un d’Vitesse gehale gëtt.
Schüler aus dem Cycle 2.1, also dem fréieren éischte Schouljoer, kréien dann och alleguer e giele Sécherheetsgilet. Domat soll sensibiliséiert ginn, wéi wichteg et ass, dass ee moies an der Däischtert gutt gesi gëtt.