Wat gëtt aus dem fréiere Sebes-Gebai zu Esch-Sauer? Déi Fro steet scho länger am Raum, ma zanter e puer Woche gëtt et een neien Ament.

Sebes kategoresch géint eng Klasséierung vum fréiere Gebai / Rep. Marc Hoscheid

De Kulturministère seet sech nämlech à priori bereet, enger Demande vun der Gemeng Esch-Sauer nozekommen an een Deel vum d'Gebai, notamment déi fréier Entrée, als Monument national ze klasséieren. Beim Sebes ass een domadder awer guer net d'Accord.

A guer net d'Accord ass nach zeréckhalend formuléiert. Eng Klasséierung vum Gebai géing carrement géint d'Gesetz verstoussen, dat d'Grondlag vum Sebes duerstellt. An deem géing nämlech ganz kloer stoen, datt dat aalt Gebai ofgebaut muss ginn. Den Hannergrond ass, datt wann den aktuelle Site zu Eschduerf u sengem Liewensenn ukomm ass, ee rëm zeréck op den ale Site plënneren an do eng nei Anlag baue wëllt. Dobäi kéim, datt dat aalt Gebai an enger Zone de protection vum Niveau 1 läit, wat bedeit, datt do just Aktivitéiten erlaabt sinn, déi eppes mat der Drénkwaasseropbereedung ze doen hunn. Ma och ganz onofhängeg dovunner kann de President vum Sebes, André Weidenhaupt, d'Klasséierung vun Deeler vum Gebai net novollzéien.

RTL

"Dat, wat soll geschützt ginn, ass den Aganksberäich vun der aler Anlag. Do ass sou eng monumental Trap an ech mengen, déi huet den Ausschlag ginn. Déi ass deemools vun Ingenieure geplangt ginn, net vun Architekten, dat ass falsch reflektéiert am Avis vun der COPAC (Commission pour le patrimoine culturel), mee wann een den Notzer net freet, da kann een dat och net richteg reflektéieren."

An och vum Kulturminister Eric Thill fillt ee sech beim Sebes net genuch agebonnen. Et wier zwar eng Kéier zu engem Austausch komm, mee wéi d'Prozedur lancéiert gouf, wier een net consultéiert ginn.

"Also de Kulturministère huet eis informéiert, datt hien de Finanzministère ugeschriwwen hätt a mir hunn de Kulturminister ugeschriwwen, datt mir der Meenung sinn, datt mir och selwer hätte missten ugeschriwwe ginn, do hu mer nach keng Äntwert drop kritt. Mir hunn awer och dem Finanzministère geschriwwen, datt mir der Meenung sinn, datt hie soll een negativen Avis prononcéieren."

De Finanzminister Gilles Roth wier mat am Coup, well e fir d'Domaine vum Staat zoustänneg ass. D'Terrainen zu Esch-Sauer gehéieren dem Staat, mee duerch d'Gesetz aus dem Joer 1962 huet de Sebes een Droit de superficie an ass am Besëtz vun de Gebaier. Et hätt een och Kontakt mam Ëmweltminister Serge Wilmes an dem Inneminister Léon Gloden gehat a béid hätten dem Eric Thill dono geroden, d'Gebai net ze klasséieren.

D'Gemeng Esch-Sauer huet d'Demande no enger Klasséierung ënnert anerem domadder begrënnt, datt dat ee potenzielle Site fir ee Waassererliefniszentrum wier. Eng vun den dreiwende Kräften hannert der Realiséierung vun esou engem Zentrum ass den Naturpark Öewersauer. Fir deem säi President Jeff Gangler huet d'Fanne vun engem passende Site awer aktuell net déi héchste Prioritéit.

"Wou mir eis an der Kommissioun vun der Vision territoriale awer dofir ausgeschwat hunn, mir schwätze lo iwwert Inhalter. Wéi kann esou een Zentrum liewen? Dat soll ee Konzept fir eng ganz Regioun sinn an do niewendru stellt sech iergendwann eng Kéier d'Fro vun de Gebaier. Wat awer dëst spezifescht Gebai ugeet, do hale mir eis mir eis als Naturpark eraus, mir sinn ee Syndicat mixte, et ass net un eis ze jugéieren."

Et kéint ee sech och gutt virstellen, den Zentrum op e puer Sitte ronderëm de Stauséi ze verdeelen. Och de Sebes steet esou engem Zentrum ganz oppe géintiwwer, mee um eegene Site wier dat duerch déi gesetzlech Situatioun eben einfach net méiglech. Sollt d'Gebai trotzdeem geschützt ginn, kéint et dem breede Public awer net zougänglech gemaach ginn an et géing en plus nach 500.000 Euro Ënnerhalt pro Joer kaschten. Mol ganz dovunner ofgesinn, datt een dee ganze Site bräicht, fir déi néideg Quantitéiten un Drénkwaasser produzéieren ze kënnen.

Dem Sebes an dem Naturpark no kéint eng Léisung doranner bestoen, datt déi Elementer vum fréiere Gebai, déi erhalenswäert sinn, ofgebaut an der Ëffentlechkeet spéider op enger anerer Plaz zougänglech gemaach ginn. Ob dat no enger Klasséierung awer nach méiglech wäert sinn, wier awer net kloer.