Rapport vun 2019975 Reklamatioune goufe vun der Ombudsman traitéiert

Diana Hoffmann
Bei ronn 85 Prozent gouf et Divergenzen tëscht Privatleit an Administratiounen, bei den anere Fäll stounge sech Bierger a Gemenge géintiwwer.
© RTL Archiv

Eng 975 Reklamatioune sinn 2019 traitéiert ginn, sot d'Ombudsman Claudia Monti e Méindeg de Moie bei der Presentatioun vum Rapport annuel an der Chamber. Dat sinn der 18 méi wéi d'Joer virdrun.

Bei der Majoritéit, also ronn 85 Prozent vun de Fäll, war et zu Divergenzen tëscht Privatleit an ënnerschiddlechen Administratioune komm. Beim Recht, also 113 Fäll, wou der 40 recevabel waren, ware Streidereien tëscht Bierger a Gemengen den Ulass, datt d'Ombudsman kontaktéiert gi war. A 87 Prozent vun de Fäll konnten awer zefriddestellend Léisunge fonnt ginn.

Net mat alle Ministèrë muss de Service vum Ombudsman awer gläichermoossen negociéieren. Un der Spëtzt stinn de Ministère de la Sécurité sociale mat 25 Prozent an de Ministère des Affaires étrangères mat 22 Prozent. Dono kënnt de Finanzministere, deen a ronn 13 Prozent vun de Fäll concernéiert war an de Familljeministère mat 10 Prozent

Vu datt Decisioune vun den Administratiounen awer dacks komplizéiert erkläert sinn, läit dem Claudia Monti un enger besserer Opklärung fir d’Bierger.

Extrait Claudia Monti

„Eng ganz Rëtsch vun Administratioune sinn och elo dobäi, d’Leit ze informéieren iwwert déi Méiglechkeeten, déi se hunn, fir géint en Urteel virzegoen, net nëmme juristesch, mä och wat de Recours gracieux genannt gëtt. Dat heescht de Recours, deen net iwwer en Affekot muss lafen, a wou ee selwer kann un d’Administratioun schreiwen“.  

Doriwwer eraus géing elo och dacks drop higewise ginn, datt et den Ombudsman gëtt, fir seng Reklamatioune kënne virzedroen.

Den Ament gëtt mat eenzelen Administratioune gekuckt, fir en Text auszeschaffen, deen déi concernéiert Servicer da kéinten hiren Decisiounen unhänken. Do sollen dann op d’Méiglechkeeten higewise ginn, déi de Leit zoustinn, wa se net d'Accord sinn. Datt eben och d’Méiglechkeet vun engem recours gracieux besteet, oder sech un d’Ombudsman ze riichten. Et géing net nëmmen de Moyen vun engem Affekot ginn, betount d’Claudia Monti.

Ma och a ville Gemenge wier ee sech nach net bewosst, datt d’Ombudsman en neutralen Uspriechpartner fir jiddereen ass, wann Klärungsbedarf besteet, ënnersträicht d’Mediatrice.

Extrait Claudia Monti
D'Ombudsman huet de Rapport vun 2019 presentéiert.

PDF: De Rapport annuel vum Ombudsman

Back to Top
CIM LOGO