
Se gëllt domat bis e Samschdeg kuerz virun Hallefnuecht, also 23:59 Auer. Gewarnt gëtt nees virun engem "héijen thermesche Stress". Déi héich Temperature géifen deemno zwee Deeg hannerteneen unhalen. Bei engem ze laangen Openthalt dobausse wieren Erschëpfung oder souguer en Hëtzschlag méiglech.

Fir den Norde vum Land gëllt weiderhin eng Alerte jaune.
D'Temperature bleiwen um Samschdeg héich bei 32 bis 38 Grad. Lokal kann eventuell emol eng kleng Schauer erofkommen. An der Nuecht op e Sonndeg sinn da weider Schauere méiglech, an eventuell och lokal Donnerwiederen.
