Vum 3. Dag vun der russescher Invasioun vun der Ukrain u ginn bis op Weideres lokal Flüchtlingsstrukturen ënnerstëtzt. Ugefaangen huet alles 1998 mat engem Programm géint d’Tuberkulos an de Prisongen. Du koum de Kampf géint AIDS a Projeten, fir d’Aarmut ze bekämpfen. Den Ament konzentréiert sech d’Hëllef op Flüchtlingsstrukturen.
No 15 Méint Krich sinn op dësem Zäitpunkt eng 100.000 ukrainesch Flüchtlingen a Moldawien. 55% vun hinne si Kanner. Am Zenter, dee Caritas Moldawien a Caritas Lëtzebuerg zesumme bedreiwen, liewen exklusiv vulnerabel Refugiéen. Elengerzéiend Mammen, Kanner respektiv Elteren, mat engem Handicap.
'’ Die erste Sache war, die Menschen aufzunehmen. Die standen an der Grenze. Wir sind hingefahren, an der Grenze, und haben den Leuten erst mal was zu essen gegeben. Und dann haben wir sie hierher gebracht. Jetzt ist es ein Jahr später. Wir sind immer nach hier. Es sind noch viele da, die in ähnlichen Situationen sind. Eigentlich ist das ein bisschen traurig und ein bisschen positiv. Traurig insofern, dass sich die Situation nicht geändert hat. Die Menschen immer noch hier sind. Ähnliche Situationen da sind. Positive sind, dass wir trotzdem hören, dass es den Menschen gut geht hier. Dass sie aus einem sicheren Platz sind. '' sou de Michael Feit, Direkter fir d’International Kooperatioun vun der Caritas Lëtzebuerg
De Michael Feit lieft den Ament aus der Wallisse. Ënnerwee tëscht der Äerdbieweregioun op der tierkesch-syrescher Grenz, dem ukrainesche Krichsgebitt an de Projeten a Moldawien. Um Mëttwoch huet den Dag mat engem Rendez-vous mam Vertrieder vum UN-Flüchtlingswierk a Moldawien ugefaangen.
''Il est très difficile de prévoir c que va être les prochains 6 mois, un an. Mais dans tous les cas, il est clair que nous travaillons, les Nations Unis, avec le gouvernement et la société civile moldave, à faire de sorte que tout soit mis en place pour que les réfugiés, les 100.000 réfigiés qui actuellement vivent en Moldavie puissent s’intégrer dans la société et faire partie de cette société moldave qui a été exemplaire dans sa solidarité.’' sou de Bertrand Blanc, Vertrieder vum UNHCR a Moldawien
Caritas Lëtzebuerg gesäit den Ament e Budget vun 300.000 Euro ass vir, fir 100 Flüchtlingen iwwer 12 Méint ze begleeden. Fir vill ukrainesch Kanner war ee vun de leschte Schouldeeg virun der Summer-Vakanz.
Online si si mat hire respektive Schoulmeeschter verbonnen. Déi oft selwer op der Flucht sinn. Sou wéi d’Evginia, déi d’Hafestad Mykolaiv d’lescht Joer am Mäerz tëscht zwee Bombardementer verlooss huet. D’Mamm vum 7 Joer alen Deniil, ass Universitéits-Professer. Se erzielt ons, wéi se iwwer Internat probéiert, a Kontakt mat hire Studenten ze bleiwen. Cours ze halen. Well d’Situatioun zu Mykolaiv ganz onstabel bleift, wäert si net fir d’Summer-Vakanz heem ze goen.
D’Hielena, déi virun engem gudde Joer op Kishinau koum, huet hir definitiv Entscheedung getraff: Sie wëll net méi zeréck, op Odessa. D’Mamm vun enger 6 Joer aler Duechter schafft zanter kuerzem bei der moldawescher Caritas an der lokaler Kleederstuff. Se léiert Rumänesch a wëll elo sou séier wéi méiglech en neit Liewen mat hirer Duechter a Moldawien opbauen. Ukrainesch Eenzel-Schicksaler ënner Honnertdausenden.