De Congé parental oder de Congé maternité si Reegelungen, déi fir e groussen Deel vun der Gesellschaft gëllen. Politiker stellen hei eng Ausnam duer.

Eng schwanger Fra déi schafft, huet hei am Land gewësse Rechter: zum Beispill d'Recht op e Congé maternité virun an no der Gebuert an och d'Recht op e Congé parental. Och de Papp ka Congé parental huelen an esou no sengem Kand kucken.

AUDIO: Congéi parentale an der Politik - Reportage Carinne Lemmer

Dat gëllt awer net fir eng Deputéiert oder en Deputéierten. Och net op Gemengenniveau fir e Member aus dem Schäfferot. Hei gëtt et kee Congé maternité a kee Congé parental. Et gëtt nämlech keen Aarbechtskontrakt.

Gréng Politiker werfen elo d'Fro op, ob een dat net soll änneren...

Lancéiert gouf d'Thema vum Laura Pregno, Schäffen zu Déifferdeng. Si ass schwanger a wëll eng Bëbeepaus vu 6 Méint maachen. Dat ass awer net virgesinn. Fir d'Laura Pregno relativ schockant et géif een och néierens richteg Äntwerten dozou kréien. Dacks hunn sech déi Fraen, déi concernéiert waren an der Vergaangenheet, mat enger hallefhäerzeger Tëscheléisung zefridde ginn, respektiv Fraen hunn sech och net getraut, déi 6 Méint ze huelen oder dono ze froen.

Dem Gemengegesetz no, kann e Schäffe vun engem Conseiller ersat ginn, wann e méi laang wéi ee Mount ausfält. Vun där Reegelung wëll d'Déifferdenger Schäffen elo profitéieren. Eng gréng Conseillère spréngt fir si an. An d'Laura Pregno ka fir hire Puppelchen do sinn, ouni sech ze verdiebelen an ouni e schlecht Gewëssen ze hunn.

Mä et ass Gebastels, et gëtt och keng Reegelung fir e Congé maternité an dowéinst hunn déi gréng Deputéiert Djuna Bernard a Roberto Traversini eng parlamentaresch Fro gestallt un d'Inneministesch Taina Bofferding, déi fir déi kommunal Mandater zoustänneg ass. An och un de Premier Xavier Bettel, wa sech d'Fro op nationalem Niveau stellt.

D'Djuna Bernard, och nei Presidentin vun déi Gréng, ass iwwerrascht, datt nach ni doriwwer diskutéiert gouf. Et goufen nämlech ëmmer erëm Politikerinnen, souwuel op Gemengenniveau, wéi och an der Chamber, déi e Kand kritt hunn wärend hirem Mandat. Ma déi schéngen sech iergendwéi mam Zäitpunkt arrangéiert ze hunn. Et wier also méiglech, mä et misst een sech awer trotzdeem d'Fro stellen, op dëst nach zäitgeméiss ass. Dat an enger Zäit, wou ee Frae méi an der Politik wéilt ënnerstëtzen, respektiv emol an d'Politik bréngen. De Kader heivir misst dem Djuna Bernard no also kloer méi breet diskutéiert ginn.

Kritt eng Deputéiert e Kand, mussen d'Kollegen asprangen an d'Aarbecht iwwerhuelen. D'Djuna Bernard ass zum Beispill a 7 Kommissiounen, vill zousätzlech Aarbecht also, déi anerer missten niewebäi maachen. Kee Problem, soen déi eng. Firwat kréien Deputéiert a Schäffen eigentlech kee Congé parental a kee Mutterschutz, froe sech anerer. Doropshi wier et extrem vill positive Feedback heirop ginn, virun allem, well et eng Fro war déi nach ni een sech wierklech gestallt huet, hei wier also e "Vide". Op alle Fall wier hei eng gesellschaftlech Debatt ugestouss ginn.

Am Ausland ginn et Léisungen. Eenzel Länner hu Solutioune fir Mammen a Pappen, déi Politik maachen.

Reaktioun vun der Inneministesch Taina Bofferding

Mir hunn dann och bei der Regierung nogefrot, bei der Inneministesch Taina Bofferding, wat si zu deem Thema seet. Si kann enger parlamentarescher Fro net virgräifen, mä seet sech awer oppe fir eng Diskussioun. Et wéilt ee préiwen, ob et net awer Hürde gëtt fir Mammen a Pappen, déi an der Politik wéilte Congé parental huelen. Op alle Fall fënnt si et interessant, dass dës Diskussioun elo am Joer 2019 eréischt gefouert gëtt.

AUDIO: D'Inneministesch Taina Bofferding

An d'Taina Bofferding betount, dass et wichteg wier dës Thematik elo ze diskutéieren. Et probéiert een natierlech den Elteren, do wou et méiglech ass, entgéint ze kommen sou gutt et geet, fir dass de Beruff an d'Famill ënnert en Hutt kënne kommen. Et muss een awer betounen, dass dat politescht Mandat kee klassesche Beruff ass, an deem Sënn, dass et hei en Aarbechtskontrakt gëtt. De Knackpunkt wier also, dass d'Thematik eventuell méi einfach duergestallt gëtt, wéi se am Fong ass.

Et muss een also ofwaarden, wéi genee d'Äntwert op déi parlamentaresch Fro vun den zwee Ministeren ausgesäit.

Op Facebook huet iwwregens d'Familljeministesch Corinne Cahen, déi jo soss fir de Congé Parental a Maternité zoustänneg ass, keng Noutwendegkeet fir eng Ännerung gesinn. Deputéierte si wär eng „Fonctioun“. D'DP-Ministesch ass och net der Meenung, datt Kannerkréien iergendeen dovunner ofhält, fir Politik ze maachen.