Elo offiziellLuc Frieden neie President vu Chambre de Commerce

RTL Lëtzebuerg
De fréieren CSV-Minister Luc Frieden ersetzt de Michel Wurth, dee 15 Joer laang President vun der Handelskummer war.

Hie wëll, eegenen Aussoen no, President vun all den Entreprisë sinn. De fréieren CSV-Minister Luc Frieden ass zanter e Mëttwoch de Moien offiziell President vun der Chambre de Commerce. No de Sozialwalen de leschte Mount war d’Constituante vun der Handelskammer an dës huet de Luc Frieden eestëmmeg zeréckbehalen.

Handelskammer Frieden / Reportage François Aulner

Ëmmerhin stoung eleng hien zur Wal. Mä de fréieren CSV-Minister an aktuelle President vun der BIL war och deels ëmstridden ënnert de Betriber. Engersäits, wéinst der Aart a Weis, wéi hie sech an d’Gespréich bruecht huet, anerersäits, well hie selwer net Entrepreneur ass. Säi Virgänger, de Michel Wurth, gesäit dat mi geloossen:

Den Här Frieden ass par Acclamation also par Unanimitéit gewielt ginn a jiddereen huet sech ausgedréckt, fir ze soen "mir sti voll a ganz hannendrun". De Luc Frieden huet dat flott beäntwert, andeems hien e Büro constituéiert huet, wou eigentlech all d’Secteuren aus der Ekonomie sech erëmfannen.

VIDEO: De Michel Wurth iwwer de Luc Frieden
De Michel Wurth aus dem Stol- an Industriesecteur zielt iwwer de Luc Frieden.

E Michel Wurth aus dem Stol- an Industriesecteur an e Luc Frieden aus der Politik a Finanzplaz, dat sinn zwee ganz verschidde Personalitéiten, mä si sinn zwou Personalitéiten, esou den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider:

„Mam Michel Wurth hat d’Chambre de Commerce e ganz staarken an engagéierte President, deen och ganz vill erreecht huet a senger Positioun. De Luc Frieden, dee kenne mer vun deem, wat hie virdrun gemaach huet: och do e ganz engagéierte Mann. Ech ginn dovunner aus, datt dat sech och weider esou wäert entwéckelen an der Chambre de Commerce an datt hie seng Jalone wäert setzen.“

VIDEO: Den Etienne Schneider iwwer de Luc Frieden
Den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider hält de Luc Frieden fir ee ganz engagéierte Mann.

Vum Luc Frieden gouf et e grousse Merci un de Michel Wurth, déi fréier Membere vun der Handelskammer an hir Ekipp, déi Zitat „e legendäre Ruff hunn“:

« Quand nous étions au gouvernement, les avis de la Chambre de Commerce étaient, avec ceux du Conseil d’Etat, les plus lus et les plus respectés. Au-delà de ce travail législatif, toutes les initiatives que vous venez de citer, mais aussi la stratégie 20-25 de la Chambre de Commerce est une excellente base pour le travail que la nouvelle équipe peut reprendre à partir d’aujourd’hui. »

D'Prioritéit vum Luc Frieden sinn, eegenen Aussoen no, d’Digitaliséierung, den internationalen Handel an d’Formatioun an d’Rekrutéierung.

Back to Top
CIM LOGO