D’Associatioun stellt allerdéngs den Artikel 4 vum Sproochegesetz a Fro.

D’Lëtzebuergescht misst an Zukunft nach méi vu de Kanner geschwat ginn, dat sot de Sekretär Patrick Kaell vun der Associatioun “Actioun Lëtzebuergesch” e Samschdeg am Kader vun der Generalversammlung. D’Zil ass et eben d’Sprooch nach besser ze promouvéieren a se nach méi ze fërderen. Diskutéiert gouf ënnert anerem iwwert d’Sproochegesetz an dat méi Stroossen mat Flouernimm solle benannt ginn.

Viru 35 Joer gouf d'Sproochegesetz vun 1984 ënnerschriwwen. D’Gesetz definéiert keng offiziell Sprooch, mee erkläert Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch hei am Land als 3 gläichberechtegt administrativ a juristesch Sproochen. D’Sproochegesetz géif eben de Gebrauch vun de Sprooche reegelen, esou d’Associatioun “Aktioun Lëtzebuergesch”

D’Associatioun stellt allerdéngs den Artikel 4 vum Sproochegesetz a Fro. Dëse misst ersat gi fir der Entwécklung vum Lëtzebuergesch méi gerecht ze ginn. Och wëll een dat Websäite vu Staat a Gemenge méisproocheg sinn, och op Lëtzebuergesch, an dat méi Stroossen mat Flouernimm benannt ginn

De Linguiste an Enseignant Jérôme Lulling huet an der Vergaangenheet online Projeten an d’Liewe geruff fir nach méi Lëtzebuergesch ze léieren. Säin rezente Projet ass d’Sproochespill op rtl.lu. Dobäi kennen d’User hiert Wësse ronderëm d’Sprooch an d’Kultur a 15 Froen testen

Zejoert gouf dann och de Marc Barthelemy vum Regierungsrot als Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch genannt. Dem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch seng Funktioun ass et ënnert anerem een 20-Joresplang ronderëm d’Lëtzebuergescht auszeschaffen an ëmzesetzen.