"Feier vum Glawen - mam Willibrord ënnerwee"
D’Abtei-Stad Iechternach feiert hiren Hellege mat der Willibrordus-Oktav. D'Traditioun erënnert un den Doud vum Missionar, de 7. November 739.
Dass et zu Iechternach eng Sprangpressessioun zu Éiere vum Hellege Willibrord gëtt, weess hei am Land esou zimmlech jiddwereen – manner bekannt ass dann awer, dass ronderëm dem Missionar säin Doudesdag, de 7. November, d’Kierch zënter ronn 50 Joer eng weider Oktav feiert.
E Sonndeg war Houhmass mam Kardinol, mee bis de 16. November gëtt et och Konferenzen, wouvunner eng sech mat verstoppte Messagen op Chouerbänke beschäftegt.
A Kierchen gëtt et dacks méi z’entdecken, wéi Gott oder - wéi an eisem Fall - den Hellege Willibrord. An dass Iechternacher fir hire Missionar an dono Äerzbëschof net nëmmen no Péngschten eng Sprangpressessioun organiséieren, mee och eng Oktav - alt nees eppes bäigeléiert.
Déi lescht 50 Joer gouf dat zu Iechternach an dëser Form gefeiert, weess de Francis Erasmy, Paschtouer a Rektor vun der Basilika. Den Doudesdag vum Hellege Willibrord steet awer schonn 1.300 Joer laang um Programm vun der kathoulescher Kierch.
Manner feierlech wéi d’Sprangpressessioun, mee dofir dauert dës Oktav, wéi den Numm et scho seet, aacht Deeg laang. Nieft de Masse fir Jugendlecher, fir eeler oder och krank Leit lafen och Konferenzen.






Traditionell kënnt fir d’Houmass dann och ëmmer de Bëschof, oder ee vu senge Stellvertrieder. An och RTL war do, fir d’Iwwerdroung vun der Mass.
Op enger vun de Konferenze stinn d’Stallen am Mëttelpunkt. Dat si Chouerbänke mat Figuren aus dem Mëttelalter. Déi original si verschwonnen; dës Wierker si vun 1912 a weise Mënsch an Däiwel, mee virun allem Déieren. S se stinn zum Beispill och fir d’Naupe vun de Mënschen a Gleewegen a sinn, sou de Rektor vun der Basilika, onwarscheinlech schéi gemaach.
"Eppes bäiléieren" konnt een e Sonndeg de Moien also direkt e puer mol. Wann d’Geheimnisser vun de Stallen, de Chouerbänken, Iech intresséieren: Rendez-vous ass e Freideg um 19.30 Auer an der Basilika.