AHA, d’Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker iergert sech iwwert d’Stad Lëtzebuerg. Si géif déi kathoulesch Kierch sponseren.

Vun den 23 Kierchen um Gebitt vun der Stad gehéieren der just 2 dem Kierchefong, déi aner 21 der Stad. An déi verlount se der Kierch fir ee Jorespräis vun tëscht 1.000 an 2.500 Euro d’Stéck. Dozou seet de Jean-Marc Cloos vun der AHA, dass dat bei de Loyerspräisser hei zu Lëtzebuerg net ze verstoe wier.

D'Stad Lëtzebuerg bleift jo Proprietär vun där Saach an ass och fir déi Gebaier verantwortlech. Hei kéint een sech d'Fro stellen, wisou d'Steierzueler hei musse fir iwwer 20 Gebaier opkommen. Hei muss een och nach betounen, dass et Gebaier sinn, déi haut des Daags emol net méi voll sinn.

AUDIO: De Jean-Marc Cloos vun der AHA

Tatsaach ass awer, datt dee Präis zejoert per Gesetz esou fixéiert ginn ass. Fir d'Aha ass dat net ze verstoen, grad wéi och, datt ni iwwert aner Affektatioune vun deene Kierchen diskutéiert gi wär.

Wat elo de Brand vun der Kathedral Notre-Dame zu Paräis ugeet an déi enorm Spendebereetschaft vun de Leit, do huet de Jean-Marc Cloos dës Meenung. Et wier einfach nëmme "pervers", dass dann op eemol esou vill Sue labber kéinte gemaach ginn an op anere Plazen, wou Mënschen demonstrativ leiden, géif näischt geschéien.

AUDIO: De Jean-Marc Cloos vun der AHA

Och d'Gilets jaunes waarde scho wéi laang op Versteesdemech fir hiert Uleies. Bei enger Kathedral géif awer da bannent emol net enger Woch ronn 1 Milliard Euro zesummekommen.