
D'Grande-Duchesse hätt eng Verletzung, déi séier misst behandelt ginn, heescht et am offizielle Schreiwes. D'Operatioun wier schonn en Dënschdeg a bréngt e puer Woche Schounzäit mat sech.
Si wäert hire Mann, de Grand-Duc Henri, de Weekend wuel och net mat op Roum begleeden, wou jo den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zum Kardinol genannt gëtt.
LE MARÉCHALAT DE LA COUR COMMUNIQUE
Le maréchalat de la Cour informe que suite à une blessure au genou et sur recommandation de ses médecins, Son Altesse Royale la Grande-Duchesse devra subir une intervention chirurgicale dans les meilleurs délais. Cette opération aura lieu mardi à Luxembourg et entraînera une indisponibilité de sa part de plusieurs semaines.