Um Donneschdeg de Mëtteg gouf et op der N10 tëscht Déiljen an der Wallenduerfer Bréck e schroen Accident. Strooss muss nach emol gespaart ginn.

Uerg war een Accident en Donneschdeg an der Mëttesstonn tëscht Déiljen an der Wallenduerfer Bréck. Zwee Ween hate sech duerch een Iwwerhuelmanöver frontal ze pake krut. Dee schëllege Chauffeur, souwéi d'Fra aus dem aneren Auto goufe schwéier blesséiert. An engem 3. Won, den och an d'Ongléck verwéckelt war, gouf kee blesséiert.

Bis an de Mëtteg eran war d'Streck a béid Richtunge gespaart. D'Spuresécherung war op der Plaz.

Um Freideg de Moien gëtt déi betraffe Streck nach eemol vun 9 Auer u fir den Trafic gespaart.

Zwee Rettungshelikopteren, d'Beeforter an d'Iechternacher Pompjeeën, zwou Ambulanze vun Iechternach an de Samu aus der Stad a vun Ettelbréck waren am Asaz.

Am Rondpoint Irgäertche koum et en Donneschdeg zu engem weideren Accident. Och hei krute sech 2 Autoen ze paken. De Bilan ass hei 1 Blesséierten.

Géint 19 Auer en Donneschdeg den Owend gouf zu Schëffleng bei enger Schoul op der Kräizung Rue du Moulin / Rue de la Gare ee Kand vun engem Auto ugestouss an dobäi blesséiert. Wéi schwéier d'Kand verwonnt gouf ass net gewosst. Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Schëffleng an de Samu vun Esch.