
De Mouvement écologique verweist op d'Klimakris. Et wier de falsche Message wann e Bildungsministère de Fluchverkéier géing fërderen. Dernieft géifen d'Schüler och an d'Vereenegt Arabesch Emirater invitéiert ginn, e Land wou Mënscherechter géinge mat Féiss getrëppelt ginn, esou de Mouveco.
D'Rees op Dubai sollt duerch aner Kaddo ersat ginn an d'Thema Ökologie an de Schoule gefërdert ginn.
Änlech Téin komme vun deene Gréngen. D'Deputéiert Josée Lorsché an Djuna Bernard stellen eng kritesch parlamentaresch Fro un de Minister Claude Meisch. Si verweisen ënner anerem ob d'Fridays for Future - Beweegung a stellen d'Fro, ob den Dubai-Kaddo adequat wier.
D'Lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt d'Weltausstellung zu Dubai an de Lëtzebuerger Pavillon op der Plaz, dat huet den Educatiounsminister en Dënschdeg am Kader vun der Froestonn an der Chamber betount. Do huet hie missen op d'Froen an d'Kritik vun déi Lénk an der CSV an och déi Gréng zu engem Schüler-Concours reagéieren. An deem Concours solle sech d'Participanten ënnert anerem mat de Sujeten nohalteg Recoursen a Mënscherechter ausenanersetzen, esou de Claude Meisch.
Madame, Monsieur, Selon nos informations, le Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse aurait l’intention d’organiser un concours en éducation artistique à l’adresse des élèves de troisième. Dans ce contexte, il envisagerait de récompenser les cent meilleurs élèves par un séjour à l’exposition universelle de Dubaï.
Soucieuses de l'impact écologique d'un tel voyage ainsi que de la situation politique et humanitaire aux Emirats arabes unis, nous voudrions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre :
Djuna Bernard Josée Lorsché
Députée Députée
Am Koalitiounsaccord war an der Rubrik "Wirtschaft und Wettbewerbsfähigkeit" op Säit 117 festgehale ginn, dass "Studierende" d'Méiglechkeet solle kréien, d'Weltausstellung ze besichen.