US-Nato-AmbassadeurMatthew Whitaker iwwert Iran-Krich: "Herno hu mer méi Pëtrol wéi mer brauchen"

Jeannot Ries
Michèle Sinner
D'Kricher am Noen Osten an an der Ukrain mussen ophalen, sou den US-Ambassadeur bei der Nato, de Matthew Whitaker, deen den amerikanesche President Donald Trump op ganzer Linn verdeedegt.

US-Nato-Ambassadeur am Interview / Reportage Michèle Sinner

Den Donald Trump wier e President vum Fridden an een deen Deals mécht, seet de Matthew Withaker, den US-Ambassadeur bei der Nato, am RTL-Interview. Ma heiansdo géif dat net goen, da misst een aktiv ginn.

Déi "rout Linn" wier iwwerdeems eng Atomwaff fir den Iran.

Wat d'Konsequenze vum Donald Trump sengem Krich ugeet, seet hien: "Mir hunn eng temporär Ënnerbriechung an de globale Liwwerketten, speziell op den Energiemäert. Mee dat wäert sech léisen an dann hu mer méi Pëtrol wéi mer brauchen."

Mat Bléck op d'Ukrain seet den US-Nato-Ambassadeur, et wier impressionant an ze bewonneren, wéi d'Ukrain fir hir Fräiheet an Onofhängegkeet gekämpft hätt. Russland hätt net méi d'Initiative.

"Mir wäerte sécherstellen, datt d'Ukrain dat bescht militärescht Material op der Welt kritt. D'Europäer bezuelen, dat schéngt mer richteg, well d'USA scho vill an deen Effort investéiert hunn", sou de Withaker.

D'USA, erënnert hien, wieren den Europäer bei zwee Weltkricher zu Hëllef komm, elo wier et Zäit, datt Europa seng Sécherheet selwer an d'Hand hëlt:

D'USA sinn e gudden a loyale Frënd. Mir erwaarden, datt dat reciproque ass, kee Sens unique. Ech mengen, mir sinn um Wee dohin, dofir sinn ech zouversiichtlech. Wëll ech politesch Kritik um Donald Trump gesinn? Natierlech net, mee heiansdo ass et politesch populär an Europa, fir bëlleg Punkten ze maache mat esou Aussoen. Mee ech mengen, dat ass eriwwer, jidderee versteet elo, datt mer eng schwiereg Sécherheetssituatioun weltwäit hunn.

Den Donald Trump kritiséiert sengersäits reegelméisseg déi europäesch Innepolitik, besonnesch d'Migratiounspolitik, respektiv europäesch Regierungscheffen.

Am Gespréich mat RTL huet de Matthew Withaker d'Lëtzebuerger Engagement bei der Nato gelueft.
© Rene Pfeiffer

Et ass dem Matthew Whitaker seng éischt Visitt zu Lëtzebuerg. Mat him reesen eng 40 amerikanesch Defensegesellschaften duerch Europa.

Mat de lokalen Entreprisë géifen hei Relatiounen opgebaut an Opportunitéite geschaaft, sou den Diplomat:

Mir kënne vill bauen an den USA, mee mat engem Defense-Budget vun 1,5 Billiounen Dollar brauche mer méi Produktiounskapazitéiten, genee wéi eis Alliéiert. Dat mécht Sënn, dat schaaft Aarbechtsplazen, dat ass ass eng 'Win-Win'-Geleeënheet. Ech suerge just dofir, datt et esou séier geet ewéi méiglech.

De Matthew Withaker huet och d'Lëtzebuerger Engagement bei der Nato gelueft, fir d'Defense-Ausgabe bis 2035 op fënnef Prozent vum Revenu national brut (RNB) ze héijen.

Ma virun dräi Wochen hat d'Defense-Ministesch Yuriko Backes de Fouss vum Gas geholl an eng nei Trajectoire fir d'Evolutioun vun den Defense-Ausgabe virgestallt, no där d'Ausgaben déi nächst dräi Joer ëm 0,1 Prozent géingen an d'Luucht goen.

An deem Rhythmus géing een dat versprachent Zil eréischt 2041 erreechen.

Back to Top
CIM LOGO