Veianen gehéiert sécherlech zu deene Lëtzebuerger Uertschaften, déi bei Touristen am beléiftste sinn. Ma och wann d'Fielsformatiounen, op deenen een Deel vun der Stad steet, engersäits ee schéint Motiv fir Fotoe sinn, si se anerersäits awer och ee Sécherheetsrisiko, well ëmmer nees Stécker ofbriechen an eroffalen. Ma et soll geschwënn eng Léisung kommen.
Am Zentrum vu Veianen an der Rue du vieux marché bei der Bréck ass de Busarrêt direkt nieft dem Touristinfo schonn zanter leschtem Joer zou an ëm e puer Honnert Meter verréckelt. Grond ass d'Gefor duerch Fielsstécker, déi hei eroffale kënnen. Scho wéi et viru fënnef Joer zu deene massiven Iwwerschwemmunge koum, war déi iwwerdaachten Terrass vum Restaurant direkt niewendrun aus deem selwechte Grond zougemaach ginn. Als Reaktioun goufe Verankerungen am Fiels ubruecht, ma well dat awer net duergeet, gëtt e reegelméisseg propper gemaach. Et goufen donieft zousätzlech Moosspunkte gesat an de Fiels gëtt eng Kéier pro Mount vun enger spezialiséierter Firma kontrolléiert, wéi de Veianer Buergermeeschter François Weyrich erkläert.
"Wann et lo méi dramatesch wier, da kéime se méi oft kucken, mee et ass alles relativ roueg. Mee et falen ëmmer nees méi grouss Stécker, also keng Brocken awer Fielsstécker vun 200 Gramm bis och alt emol 2 Kilo erof an dowéinst muss ebe reagéiert ginn do."
Dat kéint dann och nees de Restaurant niewendru concernéieren.
"Datt een da vun haut op muer ka soen, et deet eis leed, et ass ze geféierlech, d'Terrass ass zou. Anescht probéiere mir natierlech och, et ass ee Restaurant, et sëtzen ëmmer vill Leit do, datt déi och kënnen hire Business maachen."
Ma nodeems d'Gemeng länger Zäit mam Environnement an dem INPA a Kontakt war — de Fiels steet nämlech ënner Denkmalschutz — gouf rezent eng Léisung fonnt. Een Netz soll déi 1.700 Meterkaree Fiels stabiliséieren. De François Weyrich gëtt awer zou, datt hie sech länger géint dee Wee gewiert huet.
"Well ebe sou vill Fotoe vun do gemaach ginn, vun der Bréck a mam Fiels, mam Hockelstour an dem Schlass. Mir hu verschidde Méiglechkeeten ausgeschafft, datt een ënnen eng Bëtongsdecken hätt, wou ee kéint drënner stoen, mee da misst een awer ëmmer nach de Filet maachen, fir awer nach méi grouss Stécker, déi kéinten erofgefall kommen an de Bëtong géinge futti maachen, opzefänken. Dat heescht mir bleiwen ëmmer um Filet hänken."
Wa bei den Ausschreiwungen alles no Plang leeft, wäerten d'Aarbechten dëse Wanter, also baussent der Touristesaison, ufänken. Se dierfte sech iwwert zwee bis dräi Joer zéien an aktuell geet ee vun engem Käschtepunkt vun 2,8 Milliounen Euro aus. Well fréier ee klenge Pad duerch de Fiels gaangen ass, stinn do e puer Dréchemaueren. Déi géingen awer kee Problem fir de Projet duerstellen.
"Dat hu mer eben och mam IMPA geschwat, déi Dréchemauere kënne katalogiséiert an ofgedroe ginn, se mussen och net méi hannescht gebaut ginn. Et kann awer och lo mam Filet sinn, datt mer déi mat apake ginn an datt se stoe bleiwen. Dat sinn Detailer, dat muss nach alles gekuckt ginn."
Well d'Netz indirekt och den Hockelstour ofséchert, deen als Monument national klasséiert ass, krut d'Gemeng ee Subsid an Aussiicht gestallt. Wéi héich deen ausfale kéint, wier awer nach net gewosst.