Delai am beschte Fall just nach sechs Méint"Silence vaut accord" fir Ëmwelt-Autorisatiounen

Michèle Sinner
Zil vun der Ëmweltverwaltung wier et, z'evitéieren, datt de "Silence vaut accord" iwwerhaapt muss spillen.

D'Ëmwelt- an Naturverwaltung huet d'Delaie beim Verschaffe vun Dossieren zanter uganks dës Joers vun 200 Deeg an der Moyenne däitlech op 113 Deeg verkierzt. Déi Zuelen huet d'Carmen Weisgerber, Directrice adjointe, e Freideg genannt.

Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet d'Amendementer um Ëmweltschutzgesetz presentéiert, mat deenen d'Prozedure weider beschleunegt an de Prinzip vum "Silence vaut accord" sollen agefouert ginn. Deemno soll eng komplett Demande kënnen a sechs Méint ofgeschloss ginn. D'Verwaltung huet also dräi Méint Zäit, fir ze kucken, ob den Dossier komplett ass an dann dräi Méint, fir eng Decisioun ze huelen. Mellt se sech an deenen Delaien net, gëllt d'Demande als autoriséiert.

Wann Informatioune mussen nogefrot ginn, well den Dossier net komplett ass, kann et schnellstent a 15 Méint vun der Demande bis zur Autorisatioun goen. Zil vun der Ëmweltverwaltung wier et, z'evitéieren, datt de "Silence vaut accord" iwwerhaapt muss spillen. Dee Prinzip gëllt och net fir Projeten a spezielle Schutzzone wéi Natura-2000-Gebidder.

Back to Top
CIM LOGO