23 Ministèren an d'Regierung äntweren op parlamentaresch FroWéi eng ASBL'en an ONGe kruten zejoert staatlech Hëllef?

Roy Grotz
D'Staatshëllefe fir ASBLen an ONGe ginn an d'Milliounen: Op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup hunn all 23 Ministèren d'Ënnerstëtzunge fir d'Joer 2024 opgelëscht an domat e seelene Gesamtbléck op déi staatlech Finanzéierung vu Vereenegunge geliwwert.
Dëst ass e Symbolbild.
Dëst ass e Symbolbild.
© BARBARA GINDL/APA-PictureDesk via AFP

23 Ministèren an d'ganz Regierung, déi op eng parlamentaresch Fro äntweren, ass seelen a kënnt quasi ni vir – bei enger Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup ass dat awer lo geschitt. Nämlech d'komplett Oplëschte vun de staatlechen Hëllefen, déi zejoert vu verschiddene Ministèren un ASBLen an ONGen ausbezuelt goufen – an do komme Millioune-Montanten beieneen.

Bei den ONGen, déi an der Entwécklungszesummenaarbecht aktiv sinn, fléisse konsequent Zommen un déi konventionéiert Vereenegungen, sou zum Beispill iwwer 9 Millioune fir Handicap International, bal 8 Millioune fir d'Auslandshëllef vum Roude Kräiz a 6 Millioune fir Care Lëtzebuerg.

De Familljeministère ënnerstëtzt och eng Hellewull un ASBLen, wéi d'APEMH mat 39 Milliounen, d'Croix-Rouge mat iwwer 26 Milliounen oder och d'nei HUT ASBL mat bal 28 Milliounen.

De Wunnengsbauministère gëtt finanzielle Support, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. Hei kritt ënner anerem d'Rout Kräiz 20 Milliounen a verschidde kierchlech Oeuvres an aacht Paren zesumme ronn 28 Milliounen Euro.

Och den Educatiounsministère ass natierlech eng Ulafplaz fir ASBLen aus dem konventionéierte Secteur. Sou krut Caritas Jeunes et Familles zejoert 2,8 Milliounen, d'Croix-Rouge iwwer 12 Milliounen, Arcus iwwer 67 Milliounen an d'Anne ASBL ronn 49 Milliounen ausbezuelt.

D'parlamentaresch Fro N°3860 an d'Äntwert op dës am Detail fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO