Generol Alain Duschène"De Christian Schleck war mat senger Mutatioun averstanen"

RTL Lëtzebuerg
De Fall Christian Schleck spléckt d'Arméisgewerkschaft. Beim SPAL ginn et jo dowéinst 9 Demissiounen am Comité.
© RTL-Archiv

De Christian Schleck wär net nëmmen averstane mat senger neier Plaz, hie wär och zefridden domat gewiescht. Dat erkläert de Generol Alain Duschène dem Arméisminister François Bausch an engem Bréif vum 3. Dezember, wat dem Tageblatt virläit.

Deemno hätt de President vun der Arméisgewerkschaft fir d'éischt e Posten zu Dikrech proposéiert kritt, well et bei der Arméi e gewësse Rotatiounsprinzip géif ginn.

De Concernéierte soll doropshi matgedeelt hunn, datt en da senger Gewerkschaftsaktivitéit manner gutt kéint nogoen, wouropshin him dunn en anere Posten an der Stad proposéiert gouf.

Domat wier de Christian Schleck averstane gewiescht, gëtt aus dem Bréif zitéiert, an hien hätt sech och zefridde gewisen.

Christian Schleck
Christian Schleck
© RTL-Archiv

De Fall Christian Schleck spléckt d'Arméisgewerkschaft SPAL. En Donneschden eréischt hat de Radio 100,7 gemellt, datt 9 Leit aus der Gewerkschaft demissionéiert haten, nodeems de Beruffssyndikat vun der Force Publique, an där de SPAL vertrueden ass, de Récktrëtt vum Generol Alain Duschène gefuerdert hat.

Back to Top
CIM LOGO