De Christian Schleck war net mat sengem neie Poste bei der Arméi d'Accord a wäert et och net sinn.

D'Gewerkschaft vun der Force Publique, den SPFP, huet en Dënschdeg de Moie ganz detailléiert d‘Chronologie vun de Faiten opgezielt an ass, wéi de Syndicat et nennt, op den "Dysfonctionnement bei der Arméi" agaangen. De Syndicat fuerdert de Récktrëtt vum Chef d‘Etat-Major vun der Arméi, also vum Alain Duschène.

Causa Schleck / Reportage Carine Lemmer

Den Här Schleck hätt keen Dokument ënnerschriwwen, an deem en enger Versetzung zougestëmmt hätt, huet en Dënschdeg de Moien de Pascal Ricquier präziséiert, de President vun der SPFP. D’Arméi- an d‘Policegewerkschaft sinn jo do dra vertrueden.

De Christian Schleck hätt wuel en Dokument ënnerschriwwen, an deem awer d‘Mëssbëllegen, och schrëftlech, festgehale gouf. An der militärescher Hierarchie hätt en och missen ënnerschreiwen, en neie Posten unhuelen, soss wär et e „Refus d‘ordre“.

De President vun der Arméisgewerkschaft wär op en neie Poste gedréckt ginn. Hien huet am Informatiounsbüro vun der Arméi geschafft, ënnert anerem war hien zoustänneg fir d’Publicitéit an d’Presseaarbecht. Vum État-Major krut e gesot, déi Aarbecht wär net compatibel mat sengem Gewerkschaftsaktivismus.

D‘SPFP verlaangt, datt de Chef d‘État-Major muss ofgesat ginn, well et net stëmmt, wann e seet, de Christian Schleck wär mat senger Mutatioun averstane gewiescht. D‘Ëffentlechkeet wär falsch informéiert ginn. Leit si belu ginn, sot de Pascal Ricquier.

E puer Membere vum Comité vun der Arméisgewerkschaft si jo och zréck getrueden. D‘SPFP léisst net gëllen, datt et keng Informatioun gouf.

Zum Schluss huet de Patrick Frantz d'Wuert ergraff, Éierepresident a jorelaang President vum SPAL. Fir hie geet et hei net ëm d'Causa Schleck, mä vill méi allgemeng ëm déi gewerkschaftlech Fräiheet. D'Affär Schleck wär de Suivi vu senger Affär, déi hien hat als President. Och hie wär deemools x Mol versat ginn. D'Hierarchie géif just no sech kucken an Drock opbauen. Och hien hätt deemools gesot kritt: 'Passt op, wat der maacht, Dir maacht d'Arméi futti.' Ëmmer nees wär probéiert ginn, de Comité vun der Arméisgewerkschaft auserneen ze sprengen, sou de Patrick Frantz a sengem perséinlechen Numm, wéi e sot.

Hei déi integral Aussoe vum Patrick Frantz am VIDEO

Schaarf Kritik vum Patrick Frantz
De fréiere President vum SPAL an der SPFP huet net mat Kritik a Richtung Arméi gespuert.