Iwwer Kierfechtmauer "geflunn"Bagger mécht sech selbstänneg an zerstéiert Griewer zu Gilsdref

Kevin Kayser
Domingos Oliveira
An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch goufen néng Griewer zu Gilsdref komplett zerstéiert. Zwee weiderer goufe beschiedegt.

Aktuell Aarbechten an der Schëllecksgaas zu Gilsdref hunn Ufank der Woch zu enger ganz anerer Situatioun gefouert. E Bagger, deen nämlech op deem Chantier am Asaz ass, hat sech selbstänneg gemaach.

Duerch Wisen an Hecke bis op de Kierfecht

D'Gefier war u sech méi wäit uewen an der Strooss bei engem Depot vun der Baufirma fir d'Nuecht ofgestallt ginn. An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch dunn hat sech de Bagger awer selbstänneg gemaach an ass duerch Felder an Hecken de Rampli erofgaangen, dat krut RTL op Nofro vum Buergermeeschter vun der Gemeng Bettenduerf Patrick Mergen gesot. Dono ass d'Gefier duerch den Drot vum Kierfecht gebrach, iwwert déi éischt Rei u Griewer geflunn an op de Griewer dohannert gelant a stoe bliwwen. Néng Griewer um Kierfecht zu Gilsdref goufe bei dësem Accident zerstéiert, zwee weiderer goufe beschiedegt, erkläert de Gemengepapp.

De Patrick Mergen war e Mëttwoch de Moie selwer op der Plaz, nodeem d'Gemeng vum lokale Blummebuttek driwwer informéiert goufen, datt um Kierfecht Griewer beschiedegt gi waren. Dëse wollt um Mëttwoch de Moien u sech just Blummen hei ofliwweren an huet dunn de Schued an de Bagger bemierkt. Net laang dono sinn och d'Aarbechter vum Chantier op der Plaz agetraff, déi sech op d'Sich no hirem Bagger gemaach haten, deen net méi do stoung, wou si en den Owend virdrun ofgestallt haten.

Vun engem Awunner hätt ee gezielt kritt, datt dëse géint 2:30 Auer an der Nuecht en haarde Knall héieren hätt. De Mann hätt dono kontrolléiert, ob net eng Persoun a seng Poubellen oder a säin Auto gerannt wier. Hien hätt awer net dru geduecht, datt de Kaméidi vum Kierfecht kéint kommen.

Zerstéiert Griewer um Kierfecht zu Gilsdref
Duerch en Tëschefall mat engem Bagger goufen zu Gilsdref 9 Griewer zerstéiert an zwee weiderer beschiedegt.

Bagger war zougespaart, Handbrems gezunn

E Mecanicien, deen op der Gemeng schafft, huet dem Patrick Mergen no confirméiert, datt d'Handbrems vum Bagger gezu war an dësen och zougespaart war. Well een dowéinst vun engem technesche Schued ausgeet, hunn déi Responsabel vun der Gemeng Bettenduerf de Besëtzer vum Gefier opgefuerdert, dëse mat engem Kran oftransportéieren ze loossen, fir datt ee feststelle kann, wéi genee et zu dësem Tëschefall koum.

Paschtouer informéiert d'Bierger

Um Mëttwoch de Moien tëscht 10 Auer an 10:30 Auer huet de Paschtouer Albert Franck d'Ausmooss vun de Schied bei engem Spadséiergang duerch d'Duerf bemierkt. "Et ass eng traureg Saach, wann ee virun de Ruine steet", huet hien op Nofro vun RTL gesot. Wéi hien op der Plaz war, war och de Bagger nach ze gesinn. Och hie confirméiert, datt zu deem Ament de Buergermeeschter, e Responsabele vum Chantier an de Besëtzer vum Bagger op der Plaz waren.

Den Albert Franck huet dono d'Leit, deenen hir Griewer beschiedegt oder zerstéiert goufen, kontaktéiert an iwwert den Tëschefall informéiert. Verwonnert, datt de Paschtouer dëst gemaach huet, well hien et duerch Zoufall matkrut, hu verschidde Betraffener sech bei der Gemeng gemellt.

Betraffe Famillje kréie Schreiwes mat Detailer

Op Nofro vun de Bierger bei der Gemeng war et just déi kuerz Äntwert, datt d'Leit sech gedëllege sollen, well "e Bréif erausgeet." Datt een e Schreiwes opsetzt, huet och de Buergermeeschter RTL géintiwwer confirméiert. D'Bierger, deenen hir Griewer zerstéiert oder beschiedegt sinn, ginn informéiert a kréie matgedeelt, datt si sech en Devis solle maache loossen an deen dann un d'Assurance vun der Entreprise, där de Bagger gehéiert, solle weiderleeden. D'Detailer, wéi dat genee ofleeft, wäerten d'Leit am Schreiwes matkréien.

Op Nofro bei der Police huet et geheescht, datt si e Mëttwoch géint 9 Auer alarméiert goufen an datt eng Patrull op d'Plaz geschéckt gouf. Allerdéngs gi keng weider Demarchen ënnerholl, well d'Gemeng an d'Entreprisen dat ënnert sech wëlle klären.

Back to Top
CIM LOGO