An der StadMann gouf bei Aarbechtsaccident liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 9.20 Auer koum et an der Rue Sigefroi an der Stad zu engem schwéieren Aarbechtsaccident.
© Laurent Weber

Am Laf vum Moie war an der Rue Sigefroi en Aarbechter vun der Gemeng Lëtzebuerg vun enger Mauer an d'Déift gefall. D'Mauer, op där hie stoung, fir ze schaffen, hat noginn. De Mann gouf liewensgeféierlech blesséiert.

D'Police technique war op Uerder vum Parquet op der Plaz, genee wéi d'ITM an d'Enquêtes spécialisées vum Service vun der Police judiciaire, déi mat enger Enquête, fir déi genee Ursaach vum Accident ze kläre chargéiert goufen, präziséiert d'Police op Nofro vun RTL.

Back to Top
CIM LOGO