Sprengung a Steebroch warscheinlech de GrondE Mëttwochmëtteg huet de Buedem an der Géigend vu Miersch kuerz gewackelt

RTL Lëtzebuerg
De "European Center for Geodynamics and Seismology" zu Walfer huet e Mëttwochmëtteg en Evenement registréiert.
Ausschléi vun engem Äerdbiewen op engem Seismograf (Symbolbild)
© FREDERICK FLORIN/AFP

Deen een oder aneren huet et vläicht matkritt. E Mëttwochmëtteg huet de Buedem an der Géigend ëm Miersch kuerz gewackelt. Ee Lieser huet sech doropshi bei RTL gemellt a gefrot, ob et eventuell en Äerdbiewen an der Regioun gouf.

Mir hunn dat doropshi beim "European Center for Geodynamics and Seismology" zu Walfer nogefrot a krute geäntwert, dass um Lëtzebuerger seismesche Miess-Netz effektiv en Evenement registréiert gouf. Ëm en Äerdbiewen hätt et sech dobäi allerdéngs net gehandelt. Villméi hätt et sech mat grousser Warscheinlechkeet ëm eng Sprengung an engem Steebroch zu Bruch gehandelt, sou de wëssenschaftlechen Direkter vum Zenter, den Dr. Adrien Oth.

Beim Zenter fir Geodynamik a Seismologie hätt een zwar keng genee Informatiounen doriwwer, wéini genee zu Bruch gesprengt gëtt, ma déi disponibel Donnéeë géifen dorop hindeiten, dass et sech beim Evenement, dat registréiert gouf, ëm eng Explosioun handelt. Do wieren engersäits den Zäitpunkt an d'Plaz. Ma och de Fait, dass d'Evenement sech zimmlech no un der Uewerfläch ofgespillt huet, grad ewéi och d'Signaler selwer géingen eng Sprengung an der Carrière als Ursaach zimmlech warscheinlech maachen. Et géing ee beim Zenter dann och reegelméisseg esou Explosiounen aus diverse Carrièren zu Lëtzebuerg an am Grenzgebitt registréieren.

D'Sprengung gouf iwwerdeems mat enger Stäerkt vun 2,0 op der Richterskala gemooss. Evenementer an esou enger Gréisstenuerdnung wieren an der Reegel vu Mënschen net ze spieren, erkläert den Adrien Oth. Eng Differenz vun enger Eenheet op der Richterskala mécht iwwerdeems en Ënnerscheed vun engem Facteur vun 32 aus, wat déi fräigesaten Energie ugeet. Bei engem Biewe mat enger Stäerkt vu 4 gëtt also ronn 1.000 Mol esou vill Energie fräigesat ewéi bei engem Biewe vun der Stäerkt 2. Wann ee sech dat rezent Biewen op de Philippinnen mat enger Stäerkt vu 7,8 géing virun Ae féieren, géif dem "European Center for Geodynamics and Seismology" no däitlech ginn, dass en Evenement mat enger Stäerkt vun 2,0 ganz kleng wier.

Back to Top
CIM LOGO