Kuerz virun 2 Auer an der Nuecht op e Sonndeg krute sech op der Streck tëscht Eschweiler a Beidler 2 Ween ze paken. Eng Persoun gouf ageklemmt.

E Chauffer, deen op der CR132 an Direktioun Bruch ënnerwee war, hat e Won iwwersinn, deen aus Richtung Beidler gefuer koum. Béid Gefierer krute sech matten op der Fuerbunn ze paken.

De Schock war därmoossen hefteg, dass den éischten Auto widder e Schëld geschleidert gouf. Deen anere Won ass queesch iwwer d'Fuerbunn gerëtscht a koum op der Géigespuer un d'Halen. An deem Auto huet d'Automobilistin misse vun de Rettungsekippe befreit ginn a koum liicht verwonnt an d'Spidol. Och de Chauffer vun deem anere Auto koum mat liichte Verletzungen dervun.