
Dës war eng Geleeënheet, fir a Presenz vun deenen zoustännege Regierungsmemberen op déi lescht Méint zeréckzekucken. Besonnesch ervirgestrach goufen - an de Riede vum Chef d'Etat major a vum Verdeedegungsminister - zwee traureg Evenementer: deen trageschen Accident um Waldhaff an natierlech den Doud vum Grand-Duc Jean.
Ee Sujet, deen den Alain Duschène an de François Bausch ugeschwat hunn, ass de Sträit mam SPFP - dem Syndicat professionel de la force publique. Et gouf an deene leschte Woche jo Sträit wéinst der Versetzung vum Christian Schleck, dem President vun der Arméisgewerkschaft SPAL - an deem Kontext war och d'Demissioun vum Chef d'Etat major Alain Duschène gefuerdert ginn. Hie sot, hien hätt dono vill Ënnerstëtzung kritt, vum Zaldot bis zum Colonel, souguer vun Ex-Zaldoten a Pensionären a si all hätten him gesot, hie soll esou virufueren, wéi an deene leschte 40 Joer.
Dofir ass den Alain Duschène och optimistesch wat d'Zukunft ugeet: "Ech denken, datt mir zesummen hei wäerten gestäerkt erauskommen. Et ass nämlech esou, datt déi negativ Reklammen iwwer d'Arméi, déi den Här vun der SPFP ausgeléist huet, largement kompenséiert gouf duerch äert gemeinsaamt Handelen, wou ee gesinn huet, datt mir an der Arméi zu deene Wäerte wéi Loyalitéit, Solidaritéit, Respekt, Éier an Devouement stinn, an datt mir ee fir deen aneren do sinn an datt et derwäert ass, an d'Arméi ze kommen an der Arméi ze sinn an an der Arméi ze bleiwen."
Elo misst ee geschlossen no vir kucken an alleguer op der selwechter Säit vum Seel zéien. De Verdeedegungsminister François Bausch huet a senger Ried an engem méi allgemenge Kontext vun Demissioune geschwat, déi verlaangt ginn, obschonn et net ubruecht ass.
D'Efforten, d'Arméi als eppes Positives duerzestellen, esou de François Bausch, dierft een net permanent contrecarréieren andeems een aus enger Méck en Elefant mécht: "Dobäi wëll ech net soen, datt alles wat gesot ginn ass, iwwer dat wat geschitt ass, d'Gréisst hat vun enger Méck. A ville Saachen, déi ech hu misse liesen an héieren, ass - fir am Jargon vun der Arméi ze bleiwen - mat Kanounen op Spatze geschoss ginn. Wa mer dat weider maachen, musse mer eis net wonneren, wa mer net dee Rekrutement erreechen, dee mer mussen zesummen erreechen. An dofir wier et mäi Wonsch, bei allem Sträit, deen een huet a bei aller Kritik, déi ee sech géigesäiteg ka maachen, datt ee sech dono nees zesummesetzt a kuckt, datt deem Sträit bäigeluecht gëtt."
De François Bausch huet och nach betount, datt an der Arméi nei berufflech Perspektive geschafe ginn an hien huet ënnerstrach, datt den Tornado een Evenement dëst Joer war, dat gewisen huet, wéi wichteg d'Arméi wier. Vun där Affär ofgesinn, wäert an der nächster Zäit vill an d'Arméi investéiert ginn. Virop wären dat infrastrukturell Investissementer, esou sot den Arméisminister: zum Beispill um Härebierg an um Waldhaff.
La traditionnelle «Veillée de Noël» a eu lieu en date du 19 décembre 2019 au Centre militaire à Diekirch en présence du ministre de la Défense, François Bausch et du ministre délégué à la Défense, Henri Kox ainsi que de nombreux membres de l'Armée, militaires et civils. Cet événement incontournable est l'occasion pour l'Armée de passer en revue les activités et les événements de l'année 2019.
Lors de la cérémonie des prix de mérite ont été remis aux sportifs méritants, aux vainqueurs des compétitions inter-compagnies ainsi qu'aux vainqueurs des championnats militaires. L'Armée a également remis des dons à trois associations, à savoir la Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, Kannerwonsch a.s.b.l et Wäertvoll Liewen a.s.b.l.
RTL NEWS: Arméisgewerkschaft: Aussoe vum Christian Schleck si mat Dokumenter ze beweisen