Oppositioun kritiséiertMartine Hansen: Energie- a Klimaplang näischt méi wéi en eidele Pak Pabeier

RTL Lëtzebuerg
No 6 Joer Dräierregierung huet Lëtzebuerg mat déi schlechtste Wäerter bei den CO2-Emissiounen opweises, sou de Claude Wiseler.
VIDEO: Klimaplang / Rep. Raphaëlle Dickes (19.12.19)
Vill Kritik vun der Oppositioun

Debatten iwwer Klimaplang / Reportage vum Nadine Gautier

Dat sot den CSV-Deputéierten en Donneschdeg am Nomëtten an der Chamber bei senger Interpellatioun zum nationalen Energie- a Klimaplang. Wat dee vun der Regierung als ambitiéis, innovativ a sozial gerecht bezeechente Klimaplang ugeet, fënnt de Claude Wiseler, et wär eng Saach, sech ambitiéis Ziler ze setzen, eng aner, dës och z'erreechen. De Claude Wiseler stéiert sech och un de „Moralpriedegte" vum Premier Xavier Bettel am Ausland.

Claude Wiseler iwwer Klimaplang

Deementspriechend verbattert huet hie sech en Donneschdeg gefrot, ob eng produktiv Debatt an der Chamber iwwerhaapt méiglech wier. No 6 Joer Dräierkoalitioun wären d'Zilsetzunge wéi zum Beispill bei CO2-Reduktiounen, erneierbaren Energien, Tanktourismus oder Elektrogefierer wäit verfeelt. An awer géif de Premier deenen anere Länner drop an dowidder virhalen, se missten Efforten a punkto Klimapolitik maachen.

Claude Wiseler:"Déi aner Leit wësse jo och, wéi eis Situatioun zu Lëtzebuerg ass. Do muss ech soen, dass der do vill sinn, déi genervt sinn, wann ee wéi den Här Bettel hinne Moralpriedegten hält an net capabel ass, zu Lëtzebuerg selwer sech un déi gegeben Zilsetzungen ze halen."

Den Tanktourismus wier an d'Luucht gaangen, vun deenen 40.000 Elektro-Autoen, déi bis d'nächst Joer op eise Stroosse sollte fueren, kann ee guer net schwätzen. Do léich een de Moment bei knapp 2.100 därer Gefierer. An och bei den elektresche Bornen hätt een och net dat agehalen, wat versprach ginn ass, esou de Claude Wiseler a senger Interventioun. Et hätt ee keng 800 dorëmmer stoen, mee knapps 300. De Claude Wiseler wollt den zoustännege Ministeren awer och aner Piste mat op de Wee ginn am Kader vum Klimaplang. Eng géif et en tant que tel schonn an der Belsch ginn.

Claude Wiseler: "Dat ass d'Méiglechkeet fir Privatleit fir Solaranlagen op hiren Daach installéiert ze kréien, an zwar gratis, an déi Energie gratis an hiert Haus ze kréien, wärend 10 Joer. An déi supplementar Energie gëtt vun der staatlecher Firma, déi et opriicht an d'Netz agespeist. An domadder Certificats verts declenchéiert."

Déi zweete Piste, déi de Claude Wiseler gëschter ugeschwat huet, ass a Frankräich en place.

Claude Wiseler: "Dat heescht d'Suen, déi d'Leit disponsibel hunn, wann se dann Investissementer/Akeef maachen, déi d'Regierung predfinéiert huet, déi klimafrëndlech sinn fir hirt Haus oder hire Stot, fir deelweis 30, 50 Prozent dovunner ze bezuelen. Dat si Formullen, déi et a Frankräich ginn."

D'CSV géif ambitiéis Ziler ënnerstëtzen, awer e klore Wee dohi fuerderen, deen nozevollzéie wär.

Déi nei Autossteier, déi wier néierens annoncéiert ginn, huet de Gilles Roth vun der CSV gemengt, an huet d'Fro opgeworf ob dat verfassungsrechtlech konforme wier? Eppes wat och de Marc Goergen vun de Piraten an d'Ronn gehäit huet. Dem Gilles Roth no, misst fir esou eng Mesure ee Gesetz ausgeschafft ginn. Dat géif d'Verfassung esou virschreiwen.

De Claude Turmes huet dorop geäntwert, dass déi nei Autossteier an der Chamber deposéiert wier... zanter a Mëttwoch. Dat huet fir vill Gelaachs an der Chamber gesuergt. De Claude Turmes huet sech awer erkläert a gesot dat wier normal, well se virun 3 Wochen am Regierungsrot ugeholl gouf an et da säi Wee mécht bei de Grand-Duc asw. D'Chamber hätt zanter e Mëttwoch d'gesetzlech Basis fir den Trucage vun der Automobilindustrie, deen de Konsument schiedegt, fir deem en Enn ze setzen. Vum 1. Mäerz un gëllt d'Steier fir nei Autoen.

Och d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen huet en Donneschdeg de Mëtteg d'Wuert ergraff, wéi et ëm de Klimaplang vun der Regierung goung. Vun engem eidele Pak Pabeier, an deem et just Iwwerschrëften, mä keen Inhalt gëtt, huet si geschwat.

D'Martine Hansen huet de Klimapak aus der Vue vun de Baueren an der Landwirtschaft analyséiert a festgestallt: de Plang erméiglecht de Bauerebetriber keng Planungssécherheet. Zwar wier d'Landwirtschaft fir 6,5 Prozent vun den Zäregaser responsabel, ma d'Landwirtschaft wier awer och een Deel vun der Léisung an der Klimapolitik, ee "big player am Klimaschutz". D'Fraktiounscheffin vun der CSV gëtt do d'Beispiller vun der CO2-Späicherung, der Produktioun vu planzleche Faseren, déi fossil produzéiert Materialie kéinten ersetzen oder och nach, datt d'Landwirtschaft eng Roll bei den erneierbaren Energië spillt, wéi bei Biogasanlagen.

Extrait Martine Hansen

Martine Hansen: "An et ass einfach ervirzesträichen, datt wärend Bettel 1 an Bettel 2 keng eenzeg nei Biogasanlag opgemaach gouf. Et sinn der awer 3 zou gemaach ginn. Wou sollen der da 4 pro Joer dobäi kommen? Hutt Dir Iech schonns gefrot, firwat keng nei Anlag dobäi komm ass, firwat der op der anerer Säit zougemaach hunn? D'Leit hu keng Planungssécherheet. D'Leit brauchen awer Planungssécherheet. Si brauche keng Ministeren, déi jorelaang soen, si géifen Etüde maachen an un enger laangfristeger Visioun schaffen."

Klimaziler wären definéiert, d'Strategie, fir se z'erreechen, géif awer feelen. Den Energieminister hätt wuel eng Glaskugel benotzt, fir d'CO2-Aspuerunge bis 2030 auszerechnen. Esou der Martine Hansen hir Aschätzung, déi sech mat dem Volet vun der Landwirtschaft befaasst huet.

Martine Hansen:"An ech soen Iech just, dass et wichteg wär, Dir kéimt mat enger klorer Strategie. Well d'Betriber brauche Kloerheet vun Iech. Déi fäerten nämlech, déi wëssen nämlech net, wat kënnt."

D'Biolandwirtschaft soll vun 20 Prozent 2025 op 100 Prozent am Joer 2050 klammen. Do stellt d'Martine Hansen awer d'Fro, wéi dat soll geschéien. Am Klimaplang géif een dat op jidder Fall net erausfannen.

De Fernand Kartheiser war iwwerdeems der Meenung, et hätt een et hei mat engem Dogma vun der grénger Politik ze dinn. Dës géif sougenannten "Ökopopulismus" bedreiwen.

Fernand Kartheiser:"Et héiert een awer zum Beispill, datt Populismus géif dorausser bestoen, einfach Léisunge fir komplizéiert Problemer unzebidden. Abee eng Steiererhéijung als einfach Léisung fir eng komplizéiert Situatioun wéi Klimawandel, dat ass da Populismus no der Definitioun - Ökopopulismus."

A senger Interventioun huet hien iwwert de Klimaplang d'Klimamanifestatioune vun de Jonke kritiséiert an a Fro gestallt, esou ewéi och d'Etüde vum Weltklimarot IPCC. Och Lëtzebuerg misst d'CO2-Emissioune reduzéieren, mä et misst een den Impakt vu Lëtzebuerg an deem grousse Ganze consideréieren, an dee wier quasi null. Am Klimaplang géif och kee finanziellen Impakt op d'Entreprise chiffréiert ginn, sou eng weider Kritik vun him.

"Glat Sprooch mat fancy Termen". Dat waren d'Wierder vum Deputéierte vun Déi Lénk, dem David Wagner, fir de Klimaplang ze beschreiwen. Gréng Finanzen, dat wier "Uschass", esou den David Wagner, wann déi Gréng wierklech un déi gréng Finanze géife gleewen, wiere si um falsche Wee.

De Gilles Roth huet sech a senger Ried driwwer opgereegt, datt d'Oppositioun esou spéit iwwert d'Mesurë wéi d'Accisen informéiert gouf. Et wier och gelungen, datt um Enn vum Joer, wärend der leschter Seance um Krautmaart, nieft dem Budget esou ee grousse Pak wéi de Klimaplang duerchdiskutéiert géif ginn.

Vu moies 8 Auer u bis owes um 22.45 Auer goufen de Vott iwwert de Budget an d'Diskussiounen iwwert de Klima- an Energieplang evakuéiert. Déi Kleng an d'Mëttelschicht wäerten am meeschte vum Pak belaascht ginn, esou den Deputé-Maire.

D'Piraten hu sech virun allem iwwert d'Absence vum Premier Xavier Bettel gewonnert. Dofir hu si dann och eng Vermësstenannonce op de sozialen Netzwierker diffuséiert: "Wou ass de Premier".

De Klima- an Energieplang ass awer konkret, an dat wollt de Minister Turmes beleeën. Ee Beispill wier den Tanktourismus, sot de Claude Turmes als Reaktioun op d’Aussoe vun den Deputéierten en Donneschdeg  um Krautmaart.

D'CO2-Bepreisung kënnt 2021. Et wier onfair, dass der Regierung virgehäit gëtt, si géif sech net iwwert déi sozial Komponent Gedanken maachen. 2021 ass gekläert, wéi d’Suen un déi Leit zeréck ginn, déi se brauchen, esou den zoustännege Minister. D’Regierung mécht a schwätzt net nëmmen, huet de Claude Turmes ënnerstrach.

Bei der Solarenergie kéim ee virun, genee esou wéi beim Wand. Et hätt een de Feeler net vun engem plan sectoriel fir Wandrieder gemaach. Dee Feeler hätt een nämlech an der Wallonie an der Belsch gemaach.

De Claude Turmes huet sech gewëllt an oppe gewisen, fir weider Iddien mat an d'Klimapolitik anzebauen.

De Georges Engel vun der LSAP sot zu engem gewëssene Moment a senger Ried, d'Entwécklungslänner géifen zu deene Länner gehéieren, déi am meeschten ënnert dem Klimawandel ze leiden hätten. D'Leit, déi vun do kéimen, hätt d'adr jo net sou gär; doropshin koum et zu engem Intermezzo tëscht dem Fernand Kartheiser an dem Georges Engel.

Intermezzo Engel/Kartheiser

Vun engem rassistesche Post vun der Sylvie Mischel wollt de Fernand Kartheiser weider näischt héieren.

Et war iwwregens  eng laang an hëtzeg Debatt en Donneschdeg déi vu 14 bis 23 gedauert huet.

Lescht Plenière fir den Alex Bodry

An der Chamber war et en Donneschdeg iwwerdeems déi lescht Plenière fir den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. Hie wäert am neie Joer fir d’Sozialisten eriwwer an de Staatsrot wiesselen. An Zukunft wäert de Suessemer Deputé-maire Georges Engel de Fraktiounslead iwwerhuelen. Fir den Alex Bodry wäert d’Simone Asselborn-Bintz an d’Chamber no-réckelen.

RTL NEWS: Regierung muss Klimaplang iwwerschaffen
RTL-Artikel: Mouveco: Regierung muss Klimaplang iwwerschaffen

Back to Top
CIM LOGO