De Kanner-Jugendtelefon krut zejoert 3.039 Duerstellunge vu sexuellem Mëssbrauch u Kanner gemellt.

Dat hat d'Sam Tanson, de Minister fir bannenzeg Sécherheet François Bausch an den Educatiounsminister Claude Meisch an hirer Äntwert confirméiert.

AUDIO: Sexuelle Mëssbrauch vu Kanner / Rep. Eric Ewald (24.2.2020)

„Et gëtt haut schonn individuell Therapien, déi mat de Prisonéier zu Schraasseg an zu Giwenech gemaach ginn. Ma et gëtt keng universal Therapie, déi op jiddereen z'applizéiere wär!". Dat preziséiert d'Justizministesch am RTL-Interview zur Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt.

Donieft war festgehale ginn, dass d'lescht Joer op de Lëtzebuerger Geriichter 25 Leit an deem Kontext verurteelt goufen, woubäi et hei am Land keng Therapië fir Auteure vun esou Strofdote géing ginn. Keng universal Therapien, betount d'Justizministesch also, fir déi et och ganz ënnerschiddlech Profiller vun Auteure gëtt.

Sam Tanson: „Jee no Profil gëtt eben eng aner Therapie ugebueden, an natierlech kréien d'Täter eng Therapie, virun allem eben zu Schraasseg, zu Giwenech, wuelverstanen op fräiwëlleger Basis! Ech fannen et awer immens wichteg, dass mer an deem dote Beräich, genau wéi iwwerhaapt insgesamt an allem, wat Prisong ubelaangt, alles dru setzen, fir Recidiven ze verhënneren, an och alles dru setzen, fir d'Täter erëm kënnen an e gesellschaftlecht Liewen dono ze reintegréieren!"

Dem Sam Tanson no wär et dofir wichteg, sech weider Gedanken ze maachen, fir nach besser therapeutesch kënnen unzesetzen. Doru géif de Moment geschafft ginn. Jee no der Gravitéit vun de Faite géif d'Geriicht decidéieren, wat déi bescht Strof ass.

Sam Tanson: „An do kann och eng Therapie-Oplag natierlech dobäi sinn, mä wuelverstanen: Fir dass déi och effikass ass, muss den Täter natierlech fräiwëlleg déi Therapie maachen! Soss mécht déi Therapie net ganz vill Sënn!"

An den Ae vun der Ministesch wär et wichteg, sech déi néideg Moyenen ze ginn, fir dat beschtméiglecht Resultat ze kréien, soudass ee keng Recidivë kritt an d'Täter dono och en uerdentlecht Liewe féiere kéinten, wa se mat hirer Strof fäerdeg sinn. Am Ausland géif et vill ënnerschiddlech Modeller ginn, ma si wéilt näischt virgräifen.

Sam Tanson:
„Dat éischt ass emol, dass et ganz wichteg ass, dass mer och gutt novollzéibar Zuelen hunn iwwert d'Recidive, kënnen novollzéien, wisou et zu Recidivë kënnt, an dann ebe kucken, wat et vun zousätzlechen Therapie-Moossname ka ginn. Eng vun deene kann natierlech eng Gruppentherapie sinn!"

Dat misst een awer zesumme mat den Acteure vun der Santé kucken, sou d'Sam Tanson.