D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, haten um Mëttwoch de Point gemaach

D'Gesondheetsministesch sot, dass et heiheem nach ëmmer kee Fall gëtt vu Coronavirus.

Et kéint een also net vun enger deklaréierter Kris schwätzen. Et ass een awer preparéiert, well Lëtzebuerg och op deem Plang keng Insel ass an all Moment ee Fall kéint kommen.

Et setzt een ënnert anerem op eng Krisen-Cellule, déi verschidden Zeenarien duerchspillt a gutt funktionéiert esou d'Paulette Lenert.

18 Leit sinn den Ament doheem a Quarantän, 16 Aus Teneriffa an 2 aus der Wuhan-Géigend.

An de Lëtzebuerger Supermarchéen ass den Impakt vum Coronavirus anscheinend och schonn ze spieren, wéi d'Foto vum Domingos Oliveira weist.

Prezisioune vun der Pressekonferenz

"De Virus steet virun der Dier", dat sot de Gesondheetsministère de Mëttwoch Mëtteg op enger Pressekonferenz, fir Prezisiounen iwwert déi aktuell Situatioun am Grand-Duché ze ginn.
D’Situatioun zu Lëtzebuerg wier onverännert. Et géing ee verstoen, dass d’Leit sech Suergen maachen, am Viraus Alarm ze schloen, hätt awer kee Wäert, dat huet de Gesondheetsministère wësse gedoen. Den Ament géingen nämlech schonn eng ganz Partie Leit uruffen, fir sech ze renseignéieren.

"Et sinn der wierklech ganz vill, entweder iwwer den 112 an da komme se och bei eis oder och deelweis am CHL, wat si awer net solle maachen, well déi Leit och iwwerlaascht si mat der Aarbecht. D’Instruktioun ass ganz kloer d’Nummer vun der Inspection sanitaire. ((+352) 247-85650)", esou den Dr. Jean-Claude Schmit.

Déi néideg Mesurë géinge scho getraff ginn. Dowéinst goufen och d'LuxairTours-Clienten, déi d'lescht Woch schonns an deem concernéierten Hotel op Teneriffa waren, isoléiert.

Dat sinn den Ament 16 Leit, déi hei am Land bei sech doheem a Quarantän sinn.

"Do ass kee krank, mä déi kréie vun der inspection sanitaire eng Attestatioun, déi gläichzestellen ass mat engem Krankeschäin fir déi Zäit vun der Quarantän. Dat ass ganz wichteg ze soen, well déi Leit si jo net krank, mä si sinn eben a Quarantän gesat.", betount d'Paulette Lenert.

De Ministère betount och, dass net jiddereen kéint getest ginn, fir de Staatslabo net onnéideg ze belaaschten. A Fro fir getest ze ginn, kommen: "Leit, déi aus engem Risikogebitt kommen. D’Lëscht vun de Risikogebitter hale mer à jour um Site santé.lu. Aus engem Risikogebitt kommen an de leschte 14 Deeg, dat ass déi zweet Konditioun. An déi drëtt Konditioun ass, dass si och Symptomer hunn. Ouni Symptomer mécht et kee Sënn unzeruffen. An et gëtt een deen Ament och net getest.", erkläert den Dr. Jean-Claude Schmit.

Ma och Mesuren, déi op eng allgemeng Kontroll ofzilen, géingen dacks hiren Zweck verfeelen.

"Déi Screeningen, déi dacks erwäänt ginn, also Leit um Flughafe systematesch op Féiwer ze testen, dovunner réit d’Weltgesondheetsorganisatioun ganz kloer of. Dat gëtt e Gefill vu falscher Sécherheet. Et hëlleft net detektéieren, well déi richteg Fäll ginn engem dann awer duerch d’Lappen. Dat si Mesuren, déi vläicht e groussen Effet hunn no baussen, mä wierklech net recommandéiert sinn. An do halen mir ons och wierklech un dat, wat gerode gëtt.", esou nach d'Paulette Lenert.

An d'Gesondheetsministesch huet dann och matgedeelt, datt Patronen, déi hire Salariéen uroden, doheem ze bleiwen, dës net kéinten zwéngen, Congé ze huelen. Wann eng Entreprise Mataarbechter aus Precautioun freet, doheem ze bleiwen, muss d'Entreprise och selwer fir d'Absence opkommen.

Voting: