
Op Nofro hin huet d'Luxair e Sonndeg den Owend bestätegt, datt an den nächsten Deeg d'Destinatioune vun der Airline a vu LuxairTours a Spuenien, Marokko, Tunesien an Dänemark zou ginn.
Den Ament sinn déi Responsabel am Gaang, eenzel Rapatriement-Vollen z'organiséieren.
D'Clientë vun der Airline wäerte bannent den nächsten Deeg kënnen op eenzel Vollen zeréckgräifen, fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.
D'Clientë vu LuxairTours ginn all eenzel iwwer Telephon contactéiert. Se wäerten de Choix tëscht enger Rei Rapatriement-Datumer kréien.
Weider Detailer sollen e Méindeg am Laf vum Dag bekannt ginn. Informatioune ginn et och um Internetsite vun der Luxair.
