De Staatschef huet bei der Gewerkschaft nogefrot, wéi d’Salariéen déi aktuell Kris erliewen, sou den OGBL.

Et ass dach éischter rar esou eppes ze liesen. Den OGBL huet um Mëttwoch de Moie matgedeelt, datt de Grand-Duc Henri dës Woch der Presidentin vum OGBL Nora Back ugeruff huet. De Staatschef hätt, wéi et heescht, gefrot wéi d'Salariéen d’aktuell Kris erliewen.

An engems soll hien seng „déif Unerkennung“ ausgedréckt hu fir déi, di dofir suergen, datt d’Land nach ka funktionéieren. Unerkennung soll et fir den OGBL gi sinn, deem seng „positiv Aktioun“ de Grand-Duc begréisst hätt.

Wéi den Haff d’lescht Woch matgedeelt hat, kontaktéiert de Grand-Duc sämtlech Organisatiounen, Corpsen an Associatiounen, fir se an dëser Kris z’ënnerstëtzen.