Mediahuis NV ass aktuell an der Belsch, Holland an an Irland aktiv a positionéiert sech dann elo och zu Lëtzebuerg.

Beim Groupe Saint-Paul gëtt eng Säit an der Geschicht vun deem traditiounsräiche kathoulesche Medienhaus ëmgedréint an net där mannster eng: d'Kapital, dat bis dato an den Hänn vum Bistum war, gëtt komplett vum belsche Mediegrupp Mediahuis vun Antwerpen iwwerholl.

Multimedia-Grupp Mediahuis NV iwwerhëlt Groupe Saint-Paul / Rep. Annick Goerens

Wéi et vu Saint-Paul heescht, soll mat deem Verkaf vun de Parten den digitalen Transformatiounsprojet acceleréiert ginn. Wat dëst konkret fir nei digital Projete sinn, gëtt iwwerdeem net kommunizéiert.

Firwat gouf dës Transaktioun gemaach?

De Paul Peckels, Generaldirekter vun Saint-Paul: "Et ginn zwou Richtungen natierlech. Déi eng ass déi vum Bistum, wou de Kardinol Hollerech nach virun e puer Wochen an engem Interview deklaréiert huet, dass et net d'Vocatioun ass vun der Kierch, fir een Medienhaus ze geréieren. Dat anert ass, dass ee fir een Haus wéi Saint-Paul, wat jo awer e Klengen um internationale Marché ass, ëmmer interessant ass, e groussen industrielle Partner ze fannen."

Extrait 1 Paul Peckels

Bis ewell war d'Kapital vu Saint-Paul komplett an den Hänn vu Lafayette SA, der Gesellschaft, déi de kompletten ekonomesche Patrimoine vum Bistum geréiert.

E Chiffer vun der Transaktioun gouf net genannt. Lafayette bleift awer Minoritéitsaktionär am Kapital vu Mediahuis, deem neie Proprietär vum Gaasperecher Medienhaus. Dem Grupp Saint-Paul seng Ufäng ginn op d'Joer 1848 zeréck, wéi d'Luxemburger Wort fir d'éischte Kéier op den Zeitungsmaart koum.

Ännert sech an Zukunft dann eppes un der ligne éditoriale vun der Bistzumszeitung?

Paul Peckels: "D'Ligne éditoriale vum Haus bleift bestoe wéi se ass, an doru gëtt och näischt geännert. Déi ass zanter 2014 definéiert. Dat bedeit natierlech ganz kloer, mir hunn eng Rei Säiten am Lëtzebuerger Wort „Glauben und Leben“ a mir hunn och eng ganz Rei Matdeelunge vun der Kierch. An do ass een Accord tëscht deenen zwee, Verkeefer a Keefer, fir do eng Kontinuitéit dran ze halen."

Extrait 2 Paul Peckels

Weider Titelen, déi Saint-Paul editéiert, sinn d'Wochenzäitschrëft Telecran, de Contacto op Portugisesch an Luxembourg Times op Englesch.

An Zukunft bleiwen nëmmen nach 2 Lëtzebuerger Memberen am Saint-Paul Verwaltungsrot: de François Pauly, dee President vum Conseil d'Administration bleift, an de Marc Wagener. Den neie belsche Proprietär wäert déi aner Administrateuren nominéieren. De Generaldirekter Paul Peckels, grad wéi d'Chefredaktioun mat Roland Arens, Claude Feyereisen a Marc Schlammes goufe confirméiert.

Wéi de Generaldirekter vum Grupp Mediahuis, de Gert Ysebaert, zitéiert gëtt, wier d'Opkafe vun de komplette Parte vum Grupp Saint-Paul eng "flott Extensioun" vum Portefeuille vum Medienhaus, zu deem déi renomméiert Titelen "De Standaard" an der Belsch an d'"Handelsblad" an Holland zielen.

Mediahuis gouf eréischt viru 7 Joer duerch d'Fusioun vun de belschen Editeuren Corelio an Concentra gegrënnt. Zejoert huet deen net manner wéi 7 Zeitungen an Irland a Nordirland iwwerholl. Fir de belsche Grupp, deem och d'Radioen NRJ an Nostalgie gehéieren, schaffen eng 3.700 Leit. Haaptbüroe sinn ënner anerem zu Antwerpen, Amsterdam, Dublin an eeben och lo zu Gaasperech.

COMMUNIQUÉ DE PRESSE

Mediahuis, nouvel actionnaire de référence du groupe Saint-Paul Luxembourg.

Luxembourg/Anvers, le 27 April 2020 - Le groupe multimédias Mediahuis NV, actuellement présent en Belgique, aux Pays-Bas et en Irlande, vient d'acquérir le capital social du groupe Saint-Paul Luxembourg SA. Cette acquisition permettra au premier groupe de médias luxembourgeois d'accélérer son projet de transformation numérique.

Lafayette SA, la société qui gère le patrimoine économique de l'Archevêché de Luxembourg et maison mère du groupe Saint-Paul Luxembourg, et Mediahuis annoncent l'acquisition par ce dernier du capital social de Saint-Paul Luxembourg, premier groupe de médias luxembourgeois et éditeur des titres « Luxemburger Wort », « Télécran », « Contacto » et « Luxembourg Times ».

Cet investissement stratégique effectué par Mediahuis permettra notamment à Saint-Paul Luxembourg de renforcer et de stimuler son projet de transformation numérique. Pour Mediahuis, l'acquisition de Saint-Paul Luxembourg, opérant dans une région prospère et dynamique telle que le Grand-Duché de Luxembourg, signifie un renforcement de sa position d'acteur multimédia Benelux-Irlandais.

Le groupe Lafayette SA, jusqu'alors actionnaire de référence de Saint-Paul Luxembourg, maison éditrice du titre « Luxemburger Wort » fondé en 1848, continuera d'être lié à son développement en prenant à son tour une participation minoritaire dans le capital de Mediahuis.

Le comité de direction de Mediahuis s'engage à faciliter le développement et la transformation numérique du premier groupe médias luxembourgeois, en étroite coopération avec la direction de Saint-Paul Luxembourg et dans le plus grand respect de ses collaborateurs.

Mediahuis maintiendra la continuité au niveau de la gouvernance de Saint-Paul Luxembourg à travers la présence de deux administrateurs luxembourgeois au Conseil d'administration de l'entreprise : François Pauly, qui continuera à en assurer la présidence, et Marc Wagener. Mediahuis a également confirmé Paul Peckels à la direction générale et Roland Arens, Claude Feyereisen et Marc Schlammes à la rédaction en chef. Le groupe s'est pareillement engagé à maintenir la ligne éditoriale des médias du groupe luxembourgeois. Ces derniers, à leur tour, continueront de couvrir les sujets religieux et la communication de l'Eglise avec tout le professionnalisme.

La coopération au sein du nouveau groupe devrait permettre à Saint-Paul Luxembourg le développement de nouveaux produits et services ainsi que la réalisation de synergies significatives allant des développements informatiques à l'échange de savoir-faire et de « best practices » en passant par les achats groupés.

Pit Hentgen, président du conseil d'administration de Lafayette SA : « Mediahuis est un partenaire industriel idéal pour Saint-Paul Luxembourg SA en ce qu'il répond à des critères de solidité, d'innovation et de valeurs garantissant la compatibilité des cultures d'entreprise des deux partenaires. Ce partenariat assure le maintien d'une identité propre et l'ancrage local du premier groupe de presse luxembourgeois ».

Gert Ysebaert, CEO de Mediahuis: «Le mélange de nationalités et de cultures, combiné au climat prospère et innovant, font du Grand-Duché de Luxembourg une région géographique précieuse pour notre groupe. Mediahuis croit inconditionnellement au pouvoir d'un journalisme fort et indépendant. Les marques du groupe Saint-Paul Luxembourg, dont le journal Luxemburger Wort, le plus ancien et le plus grand journal luxembourgeois, représentent donc également une belle extension du portefeuille des marques de Mediahuis. Nous sommes fiers que les trois journaux de qualité emblématiques du Benelux, à savoir De Standaard en Belgique, NRC Handelsblad aux Pays-Bas et Luxemburger Wort au Grand-Duché de Luxembourg, soient dorénavant avec nous. Nous avons développé ces dernières années une vaste expertise en matière de transformation numérique de notre organisation, de nos marques et de nos produits et services. Cette expérience pertinente, combinée à l'échelle dont dispose notre groupe, permettra aux marques de Saint-Paul Luxembourg d'accélérer leur transition numérique et de continuer à se développer dans le contexte numérique actuel tout en respectant leur histoire. »

Le groupe européen de médias Mediahuis a été fondé en 2013 en tant que joint-venture entre Corelio et Concentra, deux sociétés ayant une longue histoire dans le monde de la presse belge. Mediahuis est aujourd'hui une entreprise multimédia de premier plan avec un portefeuille diversifié autour de titres de presse comprenant notamment « Het Nieuwsblad », « De Standaard » en Flandre ainsi que « NRC Handelsblad » et « De Telegraaf » aux Pays-Bas. En juillet 2019, Mediahuis a poursuivi son plan ambitieux de croissance géographique avec l'acquisition de la société irlandaise Independent News & Media plc. (INM), éditrice du quotidien irlandais « Irish Independent ».