Bankevereenegung zitt BilanDe Bedruch an de Logement beschäftegen d'Banken

Céline Eischen
De Logement an déi nei Erausfuerderungen ëm de Bedruch beschäftegen de Bankesecteur hei zu Lëtzebuerg. Dat war op d'mannst de Message op der Jorespressekonferenz vun der Lëtzebuerger Bankevereenegung ABBL.
Bankesecteur: Nei Bedruchsmasche stinn am Fokus.
© RTL

De Bedruch entwéckelt a verännert sech konstant: D’Methoden vun den Onéierleche géifen ëmmer méi evoluéieren an dat géif och d’Banke viru grouss Erausfuerderunge stellen. Besonnesch d’Fro vun der Responsabilitéit wier nach ëmmer dacks ze onkloer, esou de Jerry Grbic, de nach-CEO vun der ABBL:

"Mir kënnen als Banken eleng do net alles ofwieren, wat op eis duerkënnt. Do sinn d'Telekomsgesellschaften, d'Social-Media-Plattformen, déi mussen och hir Responsabilitéit hunn. Do si mer ganz frou driwwer, dass dee Projet vun där europäescher Reglementatioun dat virgesäit, well mir dat net eleng kënnen. Well och eise Cadre reglementaire eis net erlaabt, verschidde Saachen ze maachen, sief dat RGPD oder soss technesch Méiglechkeeten."

Ee Beispill ass de Suivi vun enger Trace, deen een als Bank net kéint maachen. Dofir missten déi verschidden Acteuren méi enk zesumme schaffen.

Anere grousse Sujet ass och de Logement: Um Immobiliemarché gesäit d’ABBL eng Stabilisatioun, virun allem wat d’Tauxen vun de Prêten ugeet. Bei de Venten bleift et allerdéngs bei ganz staarken Ënnerscheeder tëscht Immobilien, déi et scho ginn an de VEFAen, also den Immobilien, déi um Plang verkaf ginn. Et misst virun allem méi fir d’Vertraue vun de Leit gemaach ginn, fënnt den Claude Hirtzig vun der ABBL:

"Op deene Punkten, wat d'Klarifikatioun, déi Sécurité juridique fir de Client ugeet, do gëtt et nach Besoinen. Mir wëssen och oder mir hunn als ABBL ausgedréckt, wat mir eis erwaarde vun de Garanties d'achèvement an Zukunft, dat heescht, déi Garantie, déi aspréngt, wann de Promoteur net ka weiderbauen. A mir insistéiere ganz kloer drop, dass et fir de Client muss kloer sinn, dass et zu engem Achèvement kënnt, dat heescht, dass de Bien weidergebaut gëtt."

Mam Justizministère hätt ee sech dann och an deem Punkt en vue vun engem Gesetzesprojet ausgetosch.

Et war dem Jerry Grbic seng lescht Pressekonferenz als CEO vun der ABBL. Hien huet scho méi laang ugekënnegt gehat, nees zréck an de Privatsecteur ze wiesselen. Wee säi Successeur gëtt, steet den Ament nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO