
D'Chamberfraktioun vun der CSV fuerdert, dass d'Deputéiert an Zukunft Abléck kréien an de sougenannt Memorandum of Understanding. Dat si jo Pabeieren, eng Zort Accord, déi zum Beispill tëscht enger Regierung an enger Entreprise ënnerschriwwe ginn, fir auszedrécken, dass ee sech iwwert en Deal am Grondsaz eens ass.
Op Initiativ vum Deputéierte Laurent Mosar hunn d'Deputéiert aus der Chamberkommissioun fir Aussepolitik a fir Institutiounen doriwwer diskutéiert, wéi mat esou Dokumenter ëmzegoen ass.
De LSAP-Deputéierten Yves Cruchten:
Et misst een de Spagat fannen tëscht Transparenz a Confidentialitéit, esou den Yves Cruchten nach, deen och drop higewisen huet, dass vill Staaten an Europa keng kloer Linn hätten, wéi mat esou Dokumenter ëmzegoen ass.
Konkret fuerdert d'CSV, dass d'Chamber den Memorandum tëscht der Regierung, der Gemeng Biissen an der Firma Google ze gesi kritt. Och wann dee vläicht confidentiel wär.
Den CSV-Deputéierten Laurent Mosar:
D'CSV-Fraktioun hätt och schonn nächst Schrëtt geplangt. Déi wollt de Laurent Mosar awer net verroden.