De 17. Juli wäert dem Rehabilitatiounszenter vum Roude Kräiz zu Kolpech seng Funktioun als Covid-19 Spidol op en Enn goen. Zanter dem Ausbroch vun der Corona-Epidemie huet Kolpech Patienten opgeholl, déi no engem éischten, urgenten Traitement an engem vun den 4 Haaptspideeler, CHL, Kierchbierg, Esch oder Ettelbréck, fir weider Soinen an d’Croix-Rouge-Institutioun transferéiert goufen. An der Moyenne blouwen d’Patienten eng 14 Deeg zu Kolpech.
Net grad 100 Covid-19-Patiente goufen zanterhier zu Kolpech betreit. Zu kengen Ament waren d’Better,80 am ganzen, komplett beluet. Aktuell sinn nach 19 Leit a Behandlung. Och Refugiéë a Mënschen ouni feste Wunnsëtz hunn hei am Zenter e Refuge fonnt.

Nom 17. Juli wäert d’Personal vu Kolpech nees lues a lues Leit fir Rehabilitatiounszwecker ophuelen.