Fir Affekoten inacceptabel"Non-comparution": neit Gesetz gëtt erëm geännert

RTL Lëtzebuerg
Fir d’Affekote war et inacceptabel, datt ee bis Enn vum Joer seng Cause net kéint mëndlech verdeedegen.

"Non-comparution" / Reportage François Aulner

D’Justizministesch ass absolut d’accord an ännert d’Gesetz, dat d’lescht Woch gestëmmt gouf, erëm.
Wann eng Instruktioun am Gaang ass an déi viséiert Persoun wëllt an Appell géint eng Ordonnance vum Untersuchungsriichter goen (zum Beispill eng Untersuchungshaft oder eng Confiscatioun), da kann déi Persoun dat bis Enn vum Joer nëmme schrëftlech maachen. Sou steet et an engem Gesetz, dat d’lescht Woch gestëmmt gouf. Virun der Corona-Kris konnten Affekoten deen Appell mëndlech verdeedegen, dowéinst gouf déi sougenannt "non-comparution" am neie Gesetz vun der "Association luxembourgeoise des avocats pénalistes" ferm kritiséiert.

No enger Entrevue dëse Mëttwoch mat der Justizministesch Sam Tanson (déi Gréng) waren d’Affekoten awer ganz zefridden. D’Sam Tanson huet no der Entrevue och RTL nämlech erkläert: "mer wäerten einfach deen Artikel änneren, dat heescht, datt déi procédure écrite erauskënnt". Dat Positiivt aus der Corona-Kris gëtt awer zeréckbehalen an zwar, datt een eng Requête kann elektronesch deposéieren.

Eigentlech waren d’Affekoten och wärend der Covid-Pandemie averstanen, datt ee bei de Prozeduren Upassunge gëtt. Den Affekot a President vun der Associatioun vun „avocats pénalistes“ Philippe Penning sot awer, d'"non-comparution" bis Enn Dezember bäizebehalen, do ware mir net méi averstanen. Dem Affekot Pol Urbany no war och e Problem, datt d’Delaie vu 5 Deeg fir d’schrëftlech Prozeduren (an 3 Deeg fir eng Äntwert op de Parquet) einfach ze kuerz waren. Béid Affekote si wéi gesot ganz zefridden, datt d’Gesetz erëm geännert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO