Ofstëmmung vum Covid-GesetzOppositioun wäert sech gréisstendeels beim Vott enthalen

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber gëtt e Donneschdeg de Mëtteg iwwert dat neit Covid-Gesetz ofgestëmmt.

D'Oppositioun zum Avis - Reportage Joël Detaille

An der parlamentarescher Santéskommissioun gouf e Mëttwoch den Avis vum Staatsrot analyséiert, deen awer keng formell Oppositioun zeréckbehalen huet, mä just eenzel Text-Adaptatioune recommandéiert.

Et läit een also am Zäitplang, dass déi nei Reegelunge wuel vun e Samschdeg un kënne spillen.

D’Oppositioun wäert d‘Adaptatiounen awer net, oder nëmmen zum Deel matstëmmen.

D’CSV ass mam neien Text net ganz zefridden. Et feelt hinnen u verschiddene Saachen, mä et wëll ee matzéien an der Regierung et erméiglechen, den Text sou séier wéi méiglech stëmmen ze loossen.

Keng Amendementer also, déi d’Saach géifen an d’Längt zéien. D’Fro also un de Claude Wiseler, wéi stëmmt dann d’CSV of..?: "Mir wäerten eis enthalen an domadder zum Ausdrock bréngen, dass mer déi Moossnamen, déi am Text stinn, u sech als positiv empfannen, mä dass se net duer ginn, dass eis eng Rei Mesuren am Text feelen."

Net matstëmme wäerten Déi Lénk, well et dem Marc Baum no nach Klärungsbedarf gëtt bei den Definitioune vu Quarantän an Isolement: "...,en plus huet de Staatsrot elo leider fir weider Verwirrung gesuergt an deem e gesot huet, dass déi Sanktioun déi dorobber läit, eng penal Sanktioun wier. Wou awer mir an der Kommissioun eis eens sinn, dass et eng administrativ Sanktioun wier, wéi e PV, e Protokoll wann ee falsch parkt. Mä et bleift am Text nach ëmmer oppen, dass keng Gradatioun dran ass, tëscht Quarantän an Isolement, an dat ass fir eis vun der Natur hir einfach net richteg."

Fir d’Piraten an de Sven Clement steet nach op, wéi ee genee wäert stëmmen. En "Nee" wier vum Dësch, mä:"..., mir sinn awer, och elo op Basis vum Avis vum Staatsrot, an och um Avis vun der Mënscherechtskommissioun, nach am Gaang ze iwwerleeën, op mer derfir stëmmen oder eis enthalen. T’geet an déi richteg Richtung. Et verbessert den Text dee mer haten. Wéi genee, dat musse mer lo nach diskutéieren en fonction vun deenen aneren Avisen. "

En Donneschdeg de Mëtteg ass de Projet de loi 7634 dann den éischte Punkt um Ordre du jour vun der Plenière.

E Méindeg war eréischt den Depot dovun, sou dass hei a relativ kuerzer Zäit de legislative Wee gaange ginn ass. Eng Experienz déi sécher net vu Muttwëll war, falls senger Liewen nach emol muss nogebessert ginn.

Nach Aarbecht um neie Covid-Gesetz: Maximal 10 Leit beieneen... mat oder ouni d'Leit aus dem Stot?

Back to Top
CIM LOGO