

Lëften, lëften, lëften an esou vill wéi méiglech eraus - dat war d'Consigne fir d'Enseignanten, wéi d'Schoul am Fréijoer nees opgaangen ass.
Lëfte wier wichteg, wéi eis d'Enseignante Kelly Meris och confirméiert huet, allerdéngs wier dat a ganz ville Schoule guer net esou einfach oder esouguer onméiglech. Dat well a ganz ville Schoulen d'Fënstere guer net opginn oder d'Enseignantë kee Schlëssel hunn. Deemno wiere Consignen, déi vum Educatiounsministère kommen, deels guer net machbar an de Claude Meisch misst do seng Verantwortung huelen a kucken, dass dëst fir d'Léierpersonal méiglech ass.
Wéinst den Aerosole wier lëften urgent, betount d'Kelly Meris nach eemol an erkläert de Fall aus der Zéissenger Schoul, wou een e Schlëssel brauch, fir eng Fënster kënnen opzemaachen. Hei hätt si missen iwwer d'Buergermeeschtesch fueren, fir vun der Maintenance e Schlëssel ze kréien, dass si hire Klassesall lëfte kann. Allerdéngs wier a ganz villen anere Klasse wier dat nach ëmmer net méiglech, well déi aner Enseignanten ebe kee Schlëssel hunn. Esou gëtt si e Beispill vun engem Klassesall, wou de ganzen Dag iwwer Kanner Cours haten, deen net eng Kéier gelëft gouf. Schonns an Zäiten, wou net grad e Virus den Tour mécht, wier Lëfte wichteg, ma elo nach vill méi. Dofir ass et den dréngen Opruff un de Ministère, do eppes ze maachen, esou kéint et net virugoen.
D'Kelly Meris wollt dann och nach drop hiweisen, datt d'Schoul zu Zéisseng do keen Eenzelfall wier.
D'Fuerschung huet gewisen, datt iwwert d'Otemloft d'Loft an zouene Raim mat klengen Drëpsercher ugeräichert gëtt, wat just duerch Lëften, mat oppene Fënster oder iwwer Klimaanlagen, bei deene Loft vu baussen eragezu gëtt, ka verhënnert ginn.
Ënnert anerem d'Fuerschungsekipp ronderëm de Martin Kriegel op der Technischen Universität Berlin beschäftegt sech domat, wéi de Virus sech an engem Raum ausbreet. Wann ee schwätzt, houscht oder néitst, entsteet e Stral, deen an d'Raumloft andréngt a sech lues a lues mat hir vermëscht, sou d'Fuerscher. Wéi dat viru sech geet géif vun enger Rei Facteuren ofhänken, dorënner Vitesse, Turbulenz, den Temperaturënnerscheed tëschent der Otemloft an der Loft am Raum an och den Ënnerscheed vun der Loftfiichtegkeet.
Wann de Stral, dee vum Mënsch ausgeet, sech komplett mat der Raumloft vermëscht hätt, géif d'Otemloft verdeelt ginn. Dobäi géife kleng Partikele mat der Loftstréimung am Raum matgoen, méi grousser géife lues a lues op de Buedem falen. Bei enger Tröpfcheninfektioun landen déi méi grouss Drëpsen op de Schläimhait a léisen esou eng Infektioun aus. Si gi vun enger Otemschutzmask relativ effikass opgefaangen.
Dës Zort vun Drëpse géifen awer virun allem beim Néitsen ausgestouss ginn, beim normale Schwätzen an och beim Houschte géife just kleng Aerosolen entstoen, esou de Martin Kriegel. Dës kleng Drëpse ginn iwwert den Otem opgeholl a kennen esou eng Infektioun verursaachen. Am Mee schonn haten d'Fuerscher festgestallt, datt kleng Partikelen aus der Otemloft no 20 Minutten nach komplett an der Loft waren, bei mëttele Partikele waren d'Hallschent nach an der Loft.
Dat deit drop hin, datt d'Ustiechungsgefor an zouene Raum och mat Ofstand a Mask net komplett verschwënnt. Onkloer ass awer nach ëmmer, wéi laang wéi eng Gréisst vun Drëpsercher nach ustiechend sinn.
Kloer ass awer, datt d'Ustiechungsgefor ka reduzéiert ginn, an zwar duerch Lëften. Dobäi wier eng maschinnebedriwwe Méiglechkeet méi effikass.
D'Fuerscher hunn och festgestallt, datt beim Sange vill méi Aerosolen ausgestouss ginn, wéi beim Schwätzen - bis zu 30 mol méi. Sougenannte "Superspreader"-Fäll a Chéier zu Berlin a Washington schéngen dat och ze confirméieren. E gudden Indicateur, wéi héich d'Konzentratioun vun Aerosolen an engem Raum ass, wier d'Konzentratioun vu CO2, esou d'Fuerscher, vue dass Mënschen esouwuel permanent CO2 wéi Aerosole vu sech ginn.
D'Aerosole kennen also och ouni direkte Kontakt eng Roll beim Verbreede vum Virus eng Roll spillen, och wann nach onkloer ass, wéi staark a wéi laang. Mëttlerweil ginn et awer schonn eng Rei Innovatiounen, fir deem entgéint ze wierken. Mikrobe-Filter, déi a Lëftungen oder Klimaanlage kennen agebaut ginn, ginn et zum Beispill schonn a Spideeler, verschiddene Laboen a Fligeren.
Si hunn awer den Nodeel, datt se no enger Zäit kontaminéiert sinn a musse verbrannt oder opwänneg gebotzt ginn. Eng Fuerschungsekipp am Texas huet als Alternativ e ganz rengen Nickelschaum als Filter getest. Dobäi gëtt de Schaum op 200 Grad gehëtzt. De Fuerscher no kéinten esou 99,8 Prozent vun de Coronaviren an der Loft direkt eliminéiert ginn. Dobäi muss de Filter awer gutt ofgedicht ginn, fir datt de Raum net mat gehëtzt gëtt.
Eng aner Pist sinn UV-Stralen, déi och schonn ënnert anerem a Spideeler an an der Liewensmëttelindustrie an den Asaz kommen, fir Viren a Bakterien dout ze maachen. Dat kennt awer à priori just a Fro, wa keen am Raum ass, well d'Stralen Hautkriibs oder Problemer mat den Aen ausléise kennen.
Fuerscher op der Columbia University zu New York schaffen awer schonn zanter e puer Joer un UVC-Luuchten, déi méi eng kuerz Wellelängt hunn, an doduerch sécher fir de Mënsch sinn. An engem Artikel an der Fachzäitschrëft Scientific Reports aus dem Juni schreiwen d'Fuerscher, mat hier Technologie wieren 99,9% vun den normale saisonale Coronaviren an Aerosolen doutgemaach ginn. An hiren Aen kéint dat eng Léisung fir Büroen, Restauranten, Fligeren oder Spideeler sinn.
