ArcelorMittalOfbau vu 570 Aarbechtsplazen, e "Schock" fir d'Gewerkschaften

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Kris riskéieren op de Lëtzebuerger Sitte vun ArcelorMittal bis zu 570 Aarbechtsplazen ofgebaut ze ginn.
ArcelorMittal
Wéinst der Kris riskéieren op de Lëtzebuerger Sitte vun ArcelorMittal bis zu 570 Aarbechtsplazen ofgebaut ze ginn.

Kee Statement vun ArcelorMittal / Reportage vum Roy Grotz

Dat esou wuel op den Industrie-Sitten, wéi och an der Verwaltung. De Stolkonzern wëll direkt Gespréicher mat de Personalvertrieder an der Regierung sichen, fir den Impakt op d'Aarbechtsplazen esou kleng wéi méiglech ze halen.

Hannergrond ass eng schlecht ekonomesch Situatioun, déi duerch d'Corona-Kris nach verstäerkt ginn ass, esou ArcelorMittal. Virun allem géif d'Nofro aus de Secteuren Automobil a Bau feelen.

Et dierft Richtung Stoltripartite goen. Déi gëtt schonn emol vum LCGB an dem OGBL verlaangt. Och den Aarbechtsminister Dan Kersch ass derfir.

PDF: Pressecommuniqué vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO