De Jean-Marc Sirichai Kiesch, deen no 16 Joer op der Flucht a Spuenien verhaft gouf, ass nees op fräiem Fouss.

Dat mellt de spueneschen Noriichtesite "Huelva Información". E Riichter huet e Freideg decidéiert, datt den haut 39 Joer ale Mann a Spuenien zu Punta Umbría bleiwe kéint, wou hien antëscht verwuerzelt ass. Hie kritt allerdéngs säi Pass ofgeholl a muss sech all 15 Deeg virun engem Riichter presentéieren.

De Jean-Marc Sirichai Kiesch war ee vun de meeschtgesichte Kriminelle bei Europol. Hie war wéinst Doudschlag vun enger eelerer Fra a versichter Brandstëftung am Januar 1999 zu Eppelduerf zu enger Prisongsstrof vun 20 Joer verurteelt ginn an hat sech op enger Sortie duerch d'Bascht gemaach.

Den 10. August war de gesichte Mann festgeholl ginn. De Jean-Marc Sirichai Kiesch huet sech zanter 2006 en neit Liewen a Spuenien opgebaut, mat enger Partnerin an engem Kand.

D'Lëtzebuerger Justizautoritéiten haten u sech seng Ausliwwerung gefrot.