Um SamschdegNo engem Bëschbrand an der Hatzendellt sicht d'Police no Zeien

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf géint 14.40 Auer e Bëschbrand an der Géigend vu Beefort gemellt, bei dësem ass eng Fläch vu ronn 3.600 Quadratmeter verbrannt.
© Police

Op der Plaz vum Feier, déi als "Hatzendellt" bezeechent gëtt, geet ee Wanderwee laanscht.

D'Police sicht an dësem Kontext no méiglechen Zeien, déi Persounen an der Géigend vum Feier gesinn an déi eppes mam Feier kéinten ze dinn hunn. All Informatioune si fir d'Police vun Iechternach per Telefon: (+352)244721000 oder iwwer Email: police.echternach@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO