Et soll kee bei der Luxair entlooss ginn. D'Gewerkschaften kruten op der sektorieller Aviatiounstriparitie eng Beschäftegungs-Garantie vum Patronat.

Deemno eng positiv Tournure no dëse Gespréicher, déi ënner kengem gudden Stär gestanen hunn. Dat nodeems nach en Donneschdeg de Moien e puer honnert Leit op engem Protestpiquet vun de Gewerkschaften den Luxair-Direkter ausgebuut hunn.

Tripartite bei der Aviatioun / Reportage Annick Goerens

Den Gilles Feith war net wëllkomm, nodeems d'Gewerkschaften nach ugangs der Woch eng Zitat „arrogant an oniwwerluechten“ Haltung vun der Direktioun kritiséiert haten. D'Differenze konnten deemno fir elo mol aus der Welt geschaaft ginn. Den LCGB-President Patrick Dury sot, et wier een ganz zefridden.

„Mir hunn haut eng Beschäftegungsgarantie. An dem Sënn, dass kee vun den Beschäftegte sech muss Gedanke maachen, dass en an de Chômage kënnt. An mir sinn och zefridden, dass op deenen Instrumenter, déi d'Gewerkschaften u sech ausgeschafft hunn, an den eenzele Partner schonn am Virfeld iwwerreecht haten, dass op deem Plang geschafft gëtt. Wou natierlech och festgeluecht muss gi fir d'Luxair an der Agenda, wéi gesinn d'Invester aus? Well och d'Invester kënnen Auswierkungen op d'Beschäftegung hunn.“

Et misst virun allem a Gebaier an d'Informatik an à long terme och a Fligeren investéiert ginn, präziséiert den Direkter Gilles Feith. D'Entreprise hat schonn eng ganz Zäit laang strukturell Problemer, ma eréischt duerch d'Coronavirus-Pandemie wär Luxair an eng schlëmm Krise gehäit ginn.

„Et geet der Luxair schlecht. Déizweet Well an virun allem d'Fermeture vun de Grenzen huet d'Luxair zéngdausende Passagéier kascht an 20 Millioune par Rapport zum leschte Joer. Haut hunn mer decidéiert, am Kader vun engem plan de futur ze kucken, ob eng cellule de reclassement an nach aner Mesurë ronderëm bis 2023 de sozialen Impakt kënnen offiederen.“  

RTL

D'Entwécklung vun de Passagéierzuelen. / © Press-Kit Luxair

Fir der Luxair ze hëllefen, huet den Transportminister François Bausch annoncéiert, dass e speziellen Aarbechtsgrupp vun en Dënschdeg un, en place gesat gëtt, fir ze kucken, wéi een d’Entreprise fit maache ka fir d’Zukunft, ouni dass dat op d’Käschte vum Personal geet. Donieft wier och d'Fro vum Invest kruzial, de François Bausch.

„Ech mengenm et ass jo bekannt, dass mer um Fluchhafe vill mussen investéieren oder hu mussen investéieren. Do sinn jo eng Rei Projeten: d'Piste erneieren asw. Dat ass elo bei LuxAirport, mä och bei der Gesellschaft Luxair muss investéiert ginn. Do stellt d'Fro sech, mécht d'Luxair dat selwer oder ass et net besser een aneren Acteur iwwerhëlt dat? Ech mengen, alles dat gëtt da getässelt an herno gëtt dat e Ganzt.“

Dat „Ganzt“ vun deem de Minister schwätzt, ass e Gesamt-Pack fir de ganzen Aviatiounssecteur mat den 3 Gesellschafte Luxair, Cargolux a LuxAirport. Grousse Stéchdatum fir déi nächst Tripartite ass dann den 7.Oktober um 14 Auer. De groussen Pak soll dann idealerweis, dem François Bausch no, Mëtt/Enn Oktober fäerdeg sinn.

Déck Loft virun der Dräier-Reunioun

Äiskalen Ëmpfang fir de Generaldirekter vu LuxairGroup
De Gilles Feith war net Wëllkomm op der Manifestatioun.

D’General-Direktioun vun der Luxair géif de Sozialdialog mat Féiss trëppelen a kee Wëlle weisen, fir konstruktiv iwwert en Zukunftsplang ze diskutéieren, mat deem d’Syndikatsvertrieder och kéinte liewen, hat et e Méindeg an engem gemeinsame Communiqué, vum OGBL, dem LCGB an ngl-snep geheescht.

D’Gewerkschaften hätten an deem Sënn schonns eng ganze Rëtsch vu Pisten ausgeschafft, am Sënn vum Salariée, mä der Direktioun wier dee Plang egal, war an deem Schreiwes och ze liesen.

Dofir hunn Gewerkschaften dann och zu engem Protestpiquet virum Héichhaus um Kierchbierg opgeruff, eben am Virfeld vun der Tripartite-Reunioun. De Gewerkschaften no, wieren eng 600 Leit op der Plaz.

Fir de Gilles Feith, Generaldirekter vu LuxairGroup, war et deemno en äiskalen Empfang, wéi hien um Kierchbierg ukomm ass.

D'Michelle Cloos vum OGBL sot um RTL-Mikro um Donneschdeg de Moien, et wier eng prinzipiell Saach.

Extrait Ried vum OGBL - Michelle Cloos
D'Michelle Cloos
D'Michelle Cloos (OGBL)

Aus enger éischter Tripartitesronn wier ee mat der Iddie erausgaangen, zesummen eng Léisung ze fannen. Du wier awer einfach eesäiteg vun der Luxair e Spuerkatalog virgeluecht ginn, deen all d'Acquisë vun de Gewerkschafte géif a Fro stellen. Natierlech hätt d'Pandemie en negativen Impakt, mä se géif och als Pretext geholl ginn, fir e sozialen Kalschlag ze maachen.

De Paul de Araujo vum LCGB huet ënnerstrach, d'Gewerkschaften hätten hirersäits en Zukunftsplang presentéiert, deen de Betrib an d'Aarbechtsplazen laangfristeg géif ofsécheren.

Extrait Ried vum LCGB - Paul de Araujo
De Paul de Araujo
De Paul de Araujo (LCGB)

D'Leit sollen am Betrib gehale ginn, sief et duerch Formation Continue oder eng Cellule de Reclassement. D'Gewerkschafte kéinten déi eesäiteg Positioun vu der Direktioun net respektéieren. Se wieren awer prett fir matzeschaffen un engem globalen Zukunftskonzept fir d'Lëtzebuerger Aviatioun.