Fondatioun KräizbiergVerwaltungsrot soll seng Verantwortung ganz iwwerhuelen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet den OGBL an engem Communiqué um Freideg de Moie gefuerdert. Dat am Zesummenhang mat de Virwërf vu Mobbing bei der Fondatioun.

D’Gewerkschaft hëlt d’Decisioune vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun vun e Freideg zur Kenntnis heescht et. Do war ënnert anerem decidéiert ginn, een externen onofhängegen Expert mat enger Evaluatioun ze beoptragen, mä awer och eng extern Mediatioun.

Dem OGBL geet dat net duer an d’Gewerkschaft bedauert, datt d’Direktere vun der Fondatioun sech als privat Persoune wëlle juristesch géint Virwërf wieren.‘

Op Nofro hin huet den Administrateur délégué vun der Fondatioun Kräizbierg Jeannot Berg betount, dass hien net juristesch wollt virgoen géint d’Virwërf am Kader vun der gesamter Affär. Hei wär et ëm explizitt Beleidegunge géint seng Persoun gaangen. Hien hätt deenen anere Membere vum Verwaltungsrot antëscht awer matgedeelt, awer keng juristesch Schrëtt ënnerhuelen ze wëllen.

PDF: Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO