Um Dag nom Aus fir d'Jugurtsfabrick Fage gouf sech e Mëttwoch um Tribunal administratif mat engem anere geplangte groussen Industrieprojet befaasst.

An zwar mam Google-Datazenter zu Biissen.

Google-Reportage/Eric Ewald

De Mouvement écologique war am Juni op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Dat, nodeems een zweemol gefrot hat, fir de sougenannte "Memorandum of Understanding" tëscht dem Internetris, der Gemeng Biissen an der Regierung ze kréien, wat awer béid Kéiere refuséiert gouf.
De Sträit dréint an der Haaptsaach ëm de Waasserverbrauch vum Datenzenter, deen d'Géigesäit vum Mouvéco net wëll bekannt maachen.

De Me Patrick Kinsch, Affekot vum Staat, huet e Mëttwoch am Nomëtten erkläert, dass déi zoustänneg Deputéiert net richteg informéiert waren, wéi se soten, an deem MoU wär näischt confidentiel dran. De Waasserverbrauch wär nämlech grad eng confidentiel a sensibel Donnée, déi Konkurrente vu Google net nëmme weise kéint, wéi grouss deem säin Datenzenter ass oder gëtt, mä aus deem d'Konkurrenz z.B. och den Stroumverbrauch berechne kéint. De Mouvement écologique wär um Waasserverbrauch vu Google interesséiert, bräicht d'Hannergrënn vun deem Intressi awer net opzeleeën, iwwerdeems d'Géigesäit en Intressi un enger gewësser Confidentialitéit hätt, fir dass dee Waasserverbrauch net ze fréi bekannt géif ginn.

De Me Chevrier, Affekot vum Mouvement écologique, huet festgehalen, dass dee Waasserverbrauch also geheim wär. Dee kéint awer d'Ausmooss an d'Dimensioun vum Projet weisen. An dësem Fall wär d'Gesetz z'applizéieren, spréch den Accord public ze maachen, och wann dat entspriechend Gesetz nei wär an et nach keng Jurisprudenz géif ginn. Et wär keng Deductioun vum Elektricitéits- op de Waasserverbrauch ze maachen, e Verbrauch u Waasser, deen och à terme op 0 erofgoe sollt. Dem viregte Wirtschaftsminister Étienne Schneider no géif Google iwwregens, wat den Stroumverbrauch ugeet, de gréisste Konsument ginn. Virun deem Hannergrond sollt de Mouvéco d'Kommunikatioun vum "Memorandum of Understanding" net méi refuséiert kréien.

En Urteel an dëser Affär dierft an den nächste Woche falen.